[REPORTAGE] Tilly Metz: “Mat neiem EU-Investmentprogramm kënne mir Klimaziler errechen”

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 19. September ausgestraalt ginn.

650 Milliarden Euro sollen am InvestEU Investitiounsprogramm festgehale ginn. Dëse neie Projet soll fir de multiannuelle Budget 2021 bis 2027 vun der EU gëllen, a regroupéiert eng ganz Rei vun anere Fongen, wéi zum Beispill de COSME-Fong fir kleng a mëttelstänneg Entreprisen, deen zwësche 2014 an 2020 mat 2,3 Milliarden Euro funktionéiert, oder den InnovFin, ee Fong fir Innovatioun fir europäesch Entreprisen, deen zesumme mat der Europäescher Investitiounsbank gestart gouf.

 

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz ass Shadow-Rapportrice fir dësen Dossier am Comité fir Industrie, Recherche an Energie am Europaparlament. Dat heescht dass si de Sujet fir déi Gréng Fraktioun am Parlament verfollegt. Si erklärt dass obwuel verschidden Instrumenter zesumme gefouert gi wieren, een awer weider eng Opdeelung géing behalen.

Nohalteg Infrastruktur:                                                            11,5   Milliarden Euro

Recherche an Innovatioun:                                                        11,25 Milliarden Euro

Kleng- a mëttelstännesch Entreprisen:                                     11,25 Milliarden Euro

Sozialausgaben:                                                                                4 Milliarden Euro

Den InvestEU soll deemno als Plattform déngen fir de ganze Prozess vun Investitiounspläng méi einfach ze machen.

D’Tilly Metz huet fir déi Gréng Fraktioun Amendementer agereecht. Do proposéiert si zum Beispill dass keng Investitiounen an Atomenergie an an fossil Energien gemaach ginn, a Länner heibäi ze hëllefen.

D’Tilly Metz seet dass fir si ee Projet wéi den InvestEU ee vun de Mëttel ass fir Klimaziler ze erreechen.

Eppes ass awer secher: Ier den InvestEU starte kann mussen sech d’EU-Membersstaaten virtéischt nach op ee Budget eenegen. Wéini dat geschitt, ass nach net gewosst.

 

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s