[REPORTAGE] D’Digitalsteier vun der Europäescher Unioun an der Diskussioun

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 12. September ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn. (www.wirtzbill.com)

Am Mäerz dëst Joer gouf d’Digitalsteier vun der Europäescher Kommissioun am Mäerz virgeschloen. D’Initiativ ass awer virun allem eng déi aus dem Frankräich kënnt, wou de Wirtschaftsminister Bruno Le Maire sech schon ënnert der estnescher Présidence staark fir de Virschlag staark gemaacht hat. D’Idee: grouss digital Konzerner bezuele net esou vill Steiere wéi se missten, an deem se a Länner wéi Irland hiere Siège hunn. Amplaz misst een dofir suergen dass Steieren net nëmmen do bezuelt ginn wou Profiter gemaach ginn, wéi zum Beispill zu Lëtzebuerg, mee do wou d’Aktivitéit stattfënnt. De Grand-Duché setzt dorop, eng Léisung um Niveau vun der OECD ze fannen, an obwuel d’Kommissioun domat averstaanen ass, wëll si awer méi wäit goen.

Vershcidde Critèren géife sech op eng interimär Steier bezéien dorënner och zum Beispill op Reklamme geschalt goufen, oder ab wéi bei Airbnb oder Uber Leit mateneen a Kontakt gesat goufen.

Wat Steieren ugeet muss den Europäesche Conseil allerdéngs unanime ofstëmmen, wat heescht dass de Grand-Duché ee Veto aleeë kéint. Aner Länner déi der Propose momentan och kritesch géigeniwwerstinn sinn Irland, Malta an déi skandinavesch Länner. Et ass onwahrscheinlech dass et virun den Europawahlen zu enger Léisung kënnt.

Eng Optioun no där just eenzel Länner d’Tax aféieren wier och schwéier virstellbar, well dee Modell bei der Finanztransaktiounstax ugewennt gouf, déi haut nach ëmmer an der Diskussiounsphase zwëschen deene verschiddene Länner festhänkt. Et schéngt gläichzäiteg och esou wéi wann d’Taxe digitale ee weidere Schrëtt a Richtung Steierharmoniséiereung an der EU ass. Mat deem Sujet huet Lëtzebuerg also nach weider ze knaaën.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s