Dësen Dossier gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 21. Juni ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
Artikel 7 vum Lissabonner Vertrag gëtt dem Europäesche Parlament d’Méiglechkeet eng Prozedur géint ee Membersstaat ze starten, deen kloer géint Prinizipien vun der Rechtsstaatlechkeet verstéisst. De Zivilrechtscomité vum Europaparlament mengt dass d’Recht op fräi Meenungsäußerung, suwéi d’gläich Behandelung ënnert dem Gesetz am zentraleuropäesche Land net méi respektéiert géifen. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Frank Engel ass Member vun dësem Comité, an huet och e Méindeg dofir gestëmmt.
Déi ungaresch Regierunspartei Fidesz an hir Memberen zu Bréissel werfen dem Frank Engel oft fir, hie wéi vum Multi-Milliardär George Soros bezuelt, dee bekannt ass fir seng Oppositioun zu dem ungaresche Premierminster Viktor Orban senger Politik. De Frank Engel seet awer dass hie net nemmen net vum George Soros finanzéiert wier, mee dass hien fréier Praktiken vun desem Investor och net fir moralech géing fannen. Déi sougennante “Stop Soros” Gesetzer an Ungarn wieren allerdéngs just eng Excuse fir autoritär Mesuren en place ze setzen.
Fidesz ass och Member vun der Europäescher Vollekspartei, an där och d’CSV ass. De Frank Engel mengt allerdéngs dass sech d’Fronten anzwëschent géinge bougéieren. A senger eegener Partei wieren ëmmer méi Membere net méi gewëllt Fidesz d’Partie ze halen.
Europa wier momentan kloer net op engem Nenner wat rechtsstaaltech Prinzipie géinge ugoen. D’Europäesch Komissioun, an domat och de Frans Timmermanns, Komissär fir Rechtsstaatlechkeet, hätte bis elo hir Aarbecht net richteg gemaach, och am Dossier Polen, wat elo a genee där selweschter Situatioun wier. De Frank Engel übt hefteg Kritik un der Europäescher Kommissioun. Si géing hei ze lues agéieren.
Iwwer d’Propositioun vum Zivilrechtscomité fir Artikel 7 géint Ungarn auszeléisen, gëtt am September an der Plénière vum Europaparlament ofgestëmmt.