[REPORTAGE] Wat bedeiten déi geplangten Reformen vum Copyright fir Internet-Notzer?

Dësen Dossier gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 29. Juni ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

Säit September 2016 läit d’Direktivpropose fir eng Reform vum Urherberrecht vun der Europäescher Kommissioun vir. Et ass de Versuch fir d’Reegelen an der Europäescher Unioun ze moderniséieren, an de Produzente vu Musek, Fotoen oder anerem digitalë Material hiert Eegentum zoukommen ze loossen. Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Viviane Reding seet si géif sech zënter 20 Joer schon mat dësem Dossier beschäftegtegen.

Et ass kloer dass eng Säit vun der Debatt zwësche Fräiheet fir ze uploaden an deenen déi d’Urhiewerrecht verdeedege wëllen, sech organiséiert huet: D’Campagne SaveYourInternet.eu setzt sech dofir an dass de kontroversen Artikel 13 net am aktuellen Direktiveprojet festgehale gëtt. Dësen Artikel changéiert d’Art a Weis wéi Contenu op den Internet eropgeluede gëtt. Beispill YouTube: wann dir haut eeVideo op YouTube setzt, kuckt d’Plattform zwar grondsätzlech op net géint d’Urhiewerrecht verstouss gouf, mee huet awer och grondsätzlech eng fräi Hand wat d’Contenu’en ugeet. Artikel  13 mecht et zu enger allgemenger Reegel dass kee Material dat ënner Copyright fällt dierf gepost ginn.

D’Aktivisten, déi momentan d’Europadeputéiert mat Emailë bombardéieren fir dass se de Projet net an d’Diskussiounsphas komme loossen, soen dass an der Praxis all Websäiten einfach dee meeschte Contenu blockéiere wäerten. Dat géif heeschen dass YouTube villäicht Copyright respektéiert, mee dofir awer eidel wier. D’Viviane Reding mengt dass dës Aktivitisten iergefouert gi wieren, an de Gréngen Europdeputéierten Josée Bové schreift an enger Email u seng Kollegen dass d’Campagne géint den Artikel 13 vu groussen Entrprisen finanzéiert wier.

Eppes schéngt awer egal wéi ze stëmmen: Deen techneschen Deel vun der Ëmsetzung vun dëse Reegelen ass komplizéiert. D’Viviane Reding seet dass wann d’Direktiv sech nach iwwer féier Joer zéie géing, da wéisste mir bis dohin och wéi mer se emsetzen.

D’nächst Woch décidéiert d’Plénière vum Europaparlament op den aktuelle Projet, mat Rapport an Amendementer, an d’Verhandlung geet mam Conseil an der Kommissioun, de sougenannten Trilog. D’Viviane Reding seet si géif ënnerstëtzen dass de Projet viru kéim. Den DP-Europadeputéierten Charles Goerens an den CSV-Europadeputéierten Georges Bach soe si hätte sech nach net décidéiert. Den CSV-Europadeputéierten Frank Engel seet hie géif dem Projet am Moment “skeptesch” géigeniwwer stoen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s