[DOSSIER] De Bilan vum parlamentaresche Joer vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten

Dësen Dossier gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 21. Juni ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

USO: Dat parlamentarescht Joer vum Europaparlament geet lues a lues op een Enn. De Bill Wirtz huet sech zu Bréissel mat de Lëtzebuerger Europadeputéierten ennerhalen, fir erauszefannen mat wéienge Sujet’en si sech iwwert déi lescht Méint ewech am meeschte beschäftegt hunn.

Et ass vill lass am Europaparlament zu Bréissel, wou Assistenten a Parlamentarier versichen esou vill Voten wéi méiglech an de parlamentaresche Kommissiounen an fir déi lescht Plenarsëtzung zu Stroosbuerg Ufanks Juli duerch ze kréien. Zäit deemno fir mat de Lëtzebuerger Vertrieder am Europaparlament een éischte Bilan ze zéien, iwwer hir parlamentaresch Aarbecht.

Den DP-Europadeputéierten Charles Goerens ass Member vum Comité fir Developpement, an huet do iwwer d’Joer ewech op Sujet’en vun Entwécklungshëllef an humanitären Theme geschafft. Do geet et zum Beispill ëm Sujet’en vu Bekämpfung vun der Korruptioun.

Am Juli gëtt och ee Rapport gestëmmt, duerch deen de Charles Goerens de Mindestalter fir Bestietnisser op 18 Joer festleeë wëll. Eng ganz Rei Länner hätten hei nach keng Mindeststandard’en fir de Schutz vu Mineuren festegesat.

Den CSV-Europadeputéierten Frank Engel beschäftegt sech mat Sujet’en vu Secherheet wéi och civilë Fräiheeten. Hien ass virun allem bekannt duerch seng haart Kritik un autoritären Regimer an Zentral- an Osteuropa, dorënner déi a Polen an Ungarn. Dëse Sujet géif mat deem vun der Migratiounspolitik iwwertenee leien.

Et wier haut leider esou dass et ze wéineg legal Weeër géife ginn fir an Europa ze kommen, a Migranten dofir op den Asyl-Status missten zréckgräifen. Kooperatiounspolitik wier hei wichteg fir an der Flüchtlingspolitik Léisungen ze fannen an den Terrorismus ze bekämpfen.

D’LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux ass besonnesch duerch de Sujet vun der Robotik opgefall, deen zu hierem Kärsujet ginn ass. Si ass awer och duerch hier Aarbecht am Comité fir “Legal Affairs” op anere Rapport’en aktiv.

Donieft huet d’Mady Delvaux och op Theme wéi Cash control, also wéivill Suen een dierf iwwer d’Grenz huelen, e-privacy, d’Bankenunioun, Reguléierung vun Investmentbanken oder 3D-Printing geschafft.

Fir d’CSV-Europadeputéiert Viviane Reding sinn et déi lescht Wochen am Europaparlament: Si trëtt zréck fir zu Lëtzebuerg an d’Chamberswahle matzegoen, a gëtt ab September vum Christophe Hansen ersat.

Si nennt de Sujet Brexit als ee vun de wichtegsten Dossier’en op deenen si aktiv wier.

Donieft héiert een oft vum Viviane Reding op Themen wéi Dateschutz an internationalen Handel, bei deem si oft staark wieder fir d’Politik vum Donald Trump fënnt. D’CSV-Politikerin seet dass d’Rieden am Parlament usech net ausschlaggebend sinn.

D’Viviane Reding ass déi vun de Lëtzebuerger Europadeputéiert, déi am wéinegsten bei de Votë präsent ass, mat 82%. Si seet et wier essentiel bei deene wichtege Voten do ze sinn: Et wier net néideg all klengen Amendement ze stëmmen. Dee präsenteste vun de Lëtzebuerger Memberen ass de George Bach, mat 98,6% vun de Voten bei deenen hie matstëmmt.

An enger Plenarsëtzung zu Strosbuerg kënne bis zu 4 Voten d’Minutt stattfannen. Fir do den Iwwerbléck ze behalen ass eng Saach vun der Onméiglechkeet, a stellt froen iwwer Demokratie a Bürokratie. Déi politesch Fraktiounen maache Wahllëschten fir den Europdeputéierten ze soen wéi se solle stëmmen.

Fir de Frank Engel ass de Problem deen dass all Deputéierten souvill Amendementer kann proposéiere wéi e well, wat zu enger Surchenchère vu Votë féiert.

All d’Lëtzebuerger Vertrieder am Europaparlament si sech eenz dass d’Komplexitéit vun den Dossier’en et net einfach mecht dem Bierger ze erklären wat usech genau zu Bréissel geschitt. Eis Europadeputéieren stellen och all kloer dass si géint hir eege Fraktioune stëmmen wann si mengen dass de Grand-Duché onfair behandelt géif ginn, a bei Sujet’en vun der Sozialpolitik, déi fir déi meescht net genuch accentuéiert wier zu Bréissel.

Ufanks Juli ginn d’Parlamentarier an d’Vakanz. Ab September wäert dann nieft dem Christophe Hansen fir d’CSV och d’Tilly Metz nei an d’Europaparlament kommen: Sie ersetzt de Claude Turmes vun deene Gréngen.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s