Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 20. Juni ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
Armenien huet, no enger friddlecher Revolutioun an dësem Fréijoer, ee neie Premierminister, de fréie Journalist Nikol Pashin Pashinyan. D’Land am Kaukasus wäert weiderhinn vun deenen immens schwieregen diplomatesche Relatioun an hirer Nopeschregioun geplot sinn. All Unnäherung un d’Europäesch Unioun kéint vu Russland gestéiert ginn, well Moskau strategesch Interessen an der Regioun huet.
Russland kann besonnesch am Karabakh-Konflikt eng Roll spillen: Eng Régioun déi säit Joerzengten fir territorialen Disputen zwëschen Armenien an dem Nopeschland Azerbaidjan suergt. Moskau kéint sech hei ee Gewënner eraussichen, besonnesch duerch Waffeliwwerungen un dat Land wat si ënnerstëtze wëllen. Gläichzäiteg wees de Vladimir Putin och wann hien Azerbaidjan d’Partie hällt, Armenien sech koer zu der Europäescher Unioun wäert wenden.
D’Europäesch Unioun ass mat hirer Noperschaftspolitik an Armenien ni bis op deen definitive Stadium komm, well Armenien sech ënner vergaangener republikanescher Herrschaft dozou décidéiert hat där vu Russland gegrënnter euraescher Wirtschaftsunioun bäizetrieden.
Weider Challengen fir de neie Premierminister sinn och schlecht Bezéiungen mat der Tirkei, an eng komplizéierter Relatioun mam Nopeschland Iran.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!