Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 5. Juni ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
Enn Abrëll hat den amerikanesche Präsident Donald Trump sech dozou décidéiert fir Europa aus Handelsmesuren fir Stool an Aluminium eraus ze huelen. Bis Ufanks Juni haten d’Europäesch Kommissioun a Washington also Zäit fir eng Léisung ze fannen. Well dat net geschitt ass, erhiewen d’Amerikaner elo 25% op Stool, an 10% op europäeschem Aluminium. Dat betrëfft och ganz kloer Lëtzebuerger Entreprisen.
D’EU klot elo virun der international Handelsorganisatioun. Ab dem 20. Juni dann wëll d’Europäesch Kommissioun Stroofzëll op amerikanesch Produkter verhänken, fir sech géint Stoolmesuren ze wieren. Eng 200 Produkter sin dovu betraff, dorënner dorënner Bourbon, Orangejus, Jeans oder Harley-Davidson Motorieder. Dës Produkter gi strategesch gewielt, well se aus Staaten vun enger Rei vu wichtegen amerikanesche Sentateure kommen. Esou wëll d’EU den amerikanesche Senat zu Washington op seng handelspolitesch Linn kréien.
Ganz onschëlleg ass d’Europäesch Unioun awer net, well op ville Produkter d’EU méi héijen Zoll erhieft wéi Amerika. Een neien Diesel-Auto zum Beispill gëtt an den USA mat 2,5% besteiert. Hei an Europa géif dee selweschten Auto mat 16 Prozent verzollt ginn.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!