Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 24. Mee ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: D’Europäesch Kommissioun setzt eng Propose vum Europäesche Parlament ëm, fir 18-jähregen d’Chance ze ginn firnäischt mat engem Interrail Ticket duerch Europa ze reesen. De Bill Wirtz huet d’Detailer.
Als Deel vum Erasmus-Budget setzt d’europäesch Kommissioun dëss Propose ëm, déi jonk Europäer zesumme brénge soll. Den Interrail Ticket gëtt engem d’Méiglechkeet fir grenziwwerschreidend mam Zuch ze fueren, mat engem einfachen Ticket. Fir de Lëtzebuerger Europadeputéierten, a Member vum Transportcomité, Georges Bach, ass reesen eng vun deene beschte Manéieren fir eppes kennen ze léieren.
All Jugendlechen deen den 1. Juli dëst Joer 18 Joer huet, kann sech fir esou een Ticket mellen. Do gëtt dann eng Auswiel gemaach, wou ongeféier 15.000 Jugendlecher een Interrail ticket kréie wäerten. Länner déi net mam Zuch erreechbar wieren, wéi zum Beispill déi baltesch Länner oder Inselen wéi Malta, kéinten dann mam Bus oder mam Schëff ersat ginn. D’Parlament hätt hei net wëllen de Fligertransport promouvéieren:
Firnäischt ass d’Idee net. Een Interrail Ticket kascht je no Optioun zwëschen €200 a €500, wouduerch d’Rechnung fir de Steierzueler sech op €12 Milliounen wäert bedroen. Fir de Georges Bach ass et awer eng wichteg edukativ Mesure.
Aschreiwen fir een Ticket ze kréien kann ee sech zwëschen dem 12. an dem 26. Juni, iwwert eng Websäit déi nach bekannt gemaach gëtt. Méi Informatioune fannt dir op rtl.lu.