Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 23. Mee ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
[Radio USO]: Enn Mäerz d’nächst Joer wäert Groussbritannien d’Europäesch Union verloossen. Fir sech op d’Zukunft vun der EU nom Brexit ze preparéieren, invitéiert d’Europäescht Parlament Staats- a Regierungschefen zu Bréissel an zu Stroosbuerg fir hir Visiounen duer ze leeën. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.
Mat Brexit huet alles changéiert. Esou schéngt et an den Discours’en zu Bréissel an zu Stroosbuerg, mee usech hunn d’Erwaardungen un d’Europäesch Unioun net changéiert. An Ungarn souwéi aneren zentral- an osteuropäesche Länner ass den Enthusiasmus fir eng méi kompetent EU éischter bedréckt, an d’Strukturéierung vum neie Budget mecht dat net méi einfach. Ufanks dës Mount huet och den dänesche Premierminister gefuedert den EU Budget misst erof goen.
Op där anerer Säit huet d’EU Visionären, mat un der Spëtzt den Emmanuel Macron. De franséische Präsident dominéiert d’Diskussioun iwwer néideg Reformen an der EU, an huet ambitionéiert Ideen. De lëtzebuerger Europdeputéierten Charles Goerens seet sech optimistesch iwwer dem Macron seng Virschléi.
Fir de Charles Goerens géif et och Sënn maachen fir an enger gudder Konjuktur Investissementer ze maachen, an dat mengem méi héije Budget. Méi Harmoniséierung an der Eurozon an ee Finanzminister fir d’Eurozon kommen an der Franktioun vum Charles Goerens och gutt un. Dat kann dem DP-Politiker no awer och heeschen dass net all Land bei all Changement matmaache wäert.
Enger Woch wäert de Xavier Bettel seng Ried iwwer d’Zukunft vun Europa zu Stroosbuerg halen. De Charles Goerens erwaard sech do dass de Premierminister sech net vu Froen iwwer Steierpolitik ënnerkréie léisst.
Bei dem Xavier Bettel sengem leschten Optrëtt am Europaparlement war hie och scho méi mat froen iwwer LuxLeaks beschäftegt wéi mat groussen, europäesche Froen.