Wat fir eng Steier misst ofgeschaft ginn? A firwat grad déi?

Dësen Artikel gouf am Kader vun engem Projet geschriwwen dee “Bléckwénkel” heescht. Jonker mat verschiddene politische Philosophien äntwerten op preparéiert Froen, am Sënn vun der Informatioun vu jonke Lycée’s-Schüler. Den Original kann een hei liesen.

D’Diskussioun ronderëm Steieren ass hautdesdaags net méi déi vun “Wéi vill Revenue gëtt gebraucht?”, mee éischter si Steieren ee Moyen gi fir “d’Gesellschaft méi fair ze maachen”. Dir mierkt, ech benotzen Anführungszeechen, well ech der Meenung sinn dass Steiere kengeswees d’Societéit méi fair mécht. Vu dass d’Lëscht vu Steieren déi ech ofschafe géing laang ass, mee meng Wuertzuel begrenzt, huelen ech een anschaulecht Beispill vun enger immens ongerechter Steier: D’Steier op Entreprisen.

Dat klengt fir déi meescht wahrscheinlech kontraintuitiv: Firwat ass et onfair dass Entreprisen hiren Deel bezuelen? D’Äntwert ass einfach: Well si keng bezuelen.

Wien an enger Entreprise ka Steiere bezuelen si just dräi Acteuren: Actionnairen, d’Leit déi an der Entreprise schaffen (doduerch dass se manner verdéngen) an d’Verbraucher (doduerch dass hir Präisser an d’Luucht ginn). Recherche am Beräich Steieren op Entreprisen huet gewisen dass ronn 57% vun der Betribssteier vun de Salariéeë bezuelt gëtt, de Rescht dovu gëtt op de Präis an deemno op d’Clientèle ofgewältzt. Hinzou kënnt dass déi staatlech Administratioun déi gebraucht gëtt fir déi verschiddentlech Steieren ze verwalten immens vill Geld kascht, wat och vum Contribuabel gedroe gëtt.

Fir Verbraucher mat niddregem Akommes heesche klammend Präisser dass hie méi Sue vu sengem Salaire muss fir dës Produkter a Servicer ausgi muss: D’Steier ass deemno regressiv, dat heescht si schued Leit déi wéineg verdénge méi wéi deenen déi méi verdéngen.

Déi 20-21% Steieren op Entreprisen (déi no de Gemenge quasi bis op 30% erop ginn) musse vun iergendengem bezuelt ginn. D’Bureausgebei, d’Material, de Plafong, d’Betribsgefierer, all dës Géigestänn kënne keng Steiere bezuelen.

Steieren op Betrieber klénge villäicht esou wéi wann se effikass wieren: Eng Steier déi vun deene bezuelt gëtt déi am meeschte Geld verdéngen. A Wierklechkeet awer handelt et sech hei just em eng verstoppte Steier, déi besonnesch vun deene gedroe gëtt déi schonn am mannsten hunn. D’Betriebssteier op 0% erofsetze géif deemno mat sech bréngen dass Lëtzebuerg net nëmme wirtschaftlech méi attraktiv gëtt, mee dass mir fir méi sozial Gerechtegkeet suergen.”

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s