[REPORTAGE] Stolassociatioun: Duerch US-Zoll sinn dausenden vun Aarbechtsplazen a Gefor

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 13. Mäerz ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO]: Den 23. Mäerz trieden dem U.S Präsident Donald Trump seng Importsteieren op Stool an Aluminium a Kraaft. Op enger Pressekonferenz zesummen mam franséischen Wirtschaftsminister Bruno Le Maire warnen d’Associatiounen vu der Stoolindustrie virun dëser Mesure. De Bill Wirtz mat enger Korrespondenz vu Bréissel.

D’Stëmmung ass net terrible bei de Stoolproduzenten: Baal 5 Milliounen Tonne Stool goufen eleng d’lescht Joer an Amerika exportéiert. A genau 10 Deeg wäerten genau dës Liwwrungen eng 25% Steier vu Washington operluecht kréien. D’Stolassociatioun EUROFER warnt an enger Pressekonferenz zu Bréissel virun de Konsequenzen: Hiere Schätzunge no wäerten d’Exporter ëm 50% faalen, an doduerch dausenden vun Aarbechtslosen an Europa schaafen. Eng Produktiounsreduktioun vun 10 Milliounen Tonne Stool géifen 20.000 direkt, an 140.000 indirekt Aarbechtsplaze manner bedeiten.

Politik, Stoolproduzenten a Gewerkschaften géifen zesummen schaffen fir sech géint dësen amerikaneschen Zoll ze wieren. Och d’Aluminiumproduzenten, déi soss a Konkurrenz stoe géifen, wiere mat u Bord. Dat seet de Gerd Götz vun der Europäescher Associatioun vun Aluminiumproduzenten.

Dovun wier schlussendlech och Lëtzebuerg betraff.

Beim Stool ass de Sujet dee selweschten. Lëtzebuerg huet am leschte Joer iwwer 200.000 Tonne Stool an Amerika exportéiert. Als Verglach: Eis franséische Noperen exportéieren mat 270.000 just e bësse méi wéi de Grand-Duché. Fir de franséischen Wirtschaftsminister, muss eng gemeinsam Léisung fonnt ginn:

D’Europäesch Kommissioun huet d’lescht Woch schnell reagéiert andeem se elo och symbolesch Steieren op amerikanesche Produit’en erhieft. Op d’EU duerch hir Reaktioun net nach vill méi ee serieux’en Handelskrich ausléise kann bleift ze gesinn. Bis elo schéngt den Donald Trump vun den europäesche Reaktiounen, unbeandrockt.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s