Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass den 23. Januar ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.
USO: D’Brexit Négotiatiounen gi weider wéi em vergaangene Joer: Mat villen kontroversen Diskussiounen. De Bill Wirtz huet een Update vu Bréissel.
Obwuel et esou schéngt wéi wa just a Groussbritannien Sträit wier, sou ass och zu Bréissel net jiddereen sech eens, seet de Pieter Cleppe vum briteschen Reform-Think Tank Open Europe.
Spuenien an Holland hätten sech och schon zu Wuert gemellt fir kloer ze stellen dass keng europäesch Entreprisen sollen ënnert dem Brexit leiden. Fir de Pieter Cleppe ass koer: um EU-Sommet wäert et eng Rëtsch stëmme ginn déi gutt Handelsbezéieungen mat Groußbritannien wäerten ënnerstëtzen.
De lëtzebuerger Europaparlamentarier Charel Goerens huet viru kuerzem mat dem EU-Brexitnégotiateur Michel Barnier geschwat, vun deem hie seet dass en eng gutt Aarbecht mecht. Finanzprodukter kéinte just échangéiert ginn wa London och EU-Reegelen mat a Kaf hëllt:
Dass Groussbritannien bereed wier, fir op verschiddene Sujet’en nozeginn, huet fir de Pieter Cleppe vun Open Europe een einfache Grond.
Béid Parlamenter, dat zu London an dat zu Bréissel, wäerten um Schluss vun de Verhandlungen nach eng kéier ofstëmmen. De Charel Goerens seet dass hien een Deal dann zoustëmmt, wann en och fair wier. Bei sengem Vote kéint keen him draschwätzen.
Bei eppes schéngen sech op alle Fall béid Säiten eens ze sinn: D’Europäesch Unioun a Groussbritannien géife sech bei de Verhandlungen un déi zäitlech d’Delai’en haalen. Dat virun allem, well se mussen.
OFSO: Den Divorce zwëschen Groussbritannien an der Europäescher Unioun ass an der Phase 2. De Bill Wirtz huet vu Bréissel bericht.