Dëse Beitrag ass de Manuskript vu mengem Fräie Mikro, deen den 28. November um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.
Wéi Enn vum leschte Joerhonnert déi éischt Leit ee Fax benotzt hunn, gouf et vill Skepsis. Mam Opkommen vun dëser neier Technik hu verschiddener souguer gemengt dass de Fax ee Monopol vum Staat sollt ginn. An der Praxis hätt dat geheescht datt ee fir ze faxen op d’Post misst goen, an eng Kéier bezuele fir de Pabeier ze verschécken, an op där anerer Säit nees bezuele fir de Pabeier ze kréien. Dës Iddi huet sech Gottseidank net duerchgesat, an haut si mir duerch den Internet scho bal iwwer de Fax ewech.
Onbegrënnt Hysterie
Kryptowärungen hu momentan en ähnleche Werdegang. Duerch Angscht virum technologesche Fortschrëtt gëtt all gutt Excuse ausgepaakt fir den Entrepreneure vun der Zukunft de Staat opzehetzen. “Bitcoin ass pur Spekulatioun! Bitcoin gëtt fir illegal Saache benotzt!” – grad esou wéi wann de 50 Euro-Schäin an Ärer Täsch nach ni fir eppes Illegales verwennt gi wier. An der Hysterie ronderëm Bitcoin gëtt souguer kritiséiert datt en deflationär ass. Schockéierend geldier? Eng Währung, déi zur Ofwiesselung de Mënschen hir Kafkraaft net ewech hëlt, well se am Wäert zouhëlt. Mir sinn esou gewinnt dorun, datt Inflatioun een Deel vum monetäre System ass, datt mir eis iwwerriede loossen, datt alles Aneres “geféierlech” ass.
Bitcoin, Ethereum, Litecoin, Ripple, Dash – d’Zuel vu Kryptowährungen ass laang, an kennt hir Erfolleger a Mësserfolleger. Et stëmmt, datt an dësem Moment vill spekuléiert gëtt. D’Variatioun bei Bitcoin innerhalb vun engem Dag ass bis zu 1000 US-Dollar. Mee wien dofir mengt, datt d’Konzept vu Kryptowärungen dofir an enger grousser Bulle zu Gronn wäert goen, dee läit falsch. Egal wou de Präis sech wäert etabléieren, de System selwer wäert eis perséinlech Echangë revolutionéieren.
Bitcoin ass onofhängeg
Bitcoin ass eng Kreatioun déi aus der Kris vun 2008 entstanen ass. Nodeems de staatlechen Zentralbanksystem multipel Krise kreéiert huet, a fir politescher Zwecker de Bierger hir Kafkraaft erofsetzt, proposéiert Bitcoin eng dezentraliséiert an onpolitesch Alternativ. Bitcoin ass d’Demokratiséierung vum monetären Echange. De Präis ass deen, deen d’Leit wëlles hunn ze bezuelen, net deen, deen de Mario Draghi zu Frankfurt festleet. Transaktioune mat Bitcoin sinn net ofhängeg vun enger Drëttpersoun.
Ob een elo Bitcoin gutt oder schlecht fënnt, ass et dach erstaunlech, datt eng Online-Wärung a kuerzer Zäit wäitaus méi Confiance vum Verbraucher kritt, wéi eng etabléiert Staatswärung wéi den Euro. An dat ass och d’Conclusioun déi mir zéie kënnen. Bitcoin ass do fir ze bleiwen.
Onofhängeg vum Zentralbanksystem
Op de Präis vu Bitcoin elo bei 12.000 Dollar oder 50 Dollar leie wäert, spillt dobäi keng Roll, well d’Funktioun vu Kryptowärungen ass kee “Get rich quick”-Programm. Bitcoin heescht par Konter, sech vun enger Zentralbank, déi ënner Kontroll vu Bürokraten ass, an déi geleet gëtt vu enger politescher Klass – där scho laang kee méi traut – näischt méi soen ze loossen.
Wien et sech ugekuckt, a kee Vertrauen huet, ass jo net gezwonge Kryptowärungen ze benotzen. Wann dann déi nächst Euro-Kris kënnt, kënne mir jo nach eng Kéier iwwer Vertraue schwätzen.