[REPORTAGE] Brexit: Ass Phase 1 schonn a Gefor?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg realiséiert, an ass de 12. Dezember ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op http://www.rtl.lu nogelauschtert ginn.

[Radio USO]: No der Annonce vun engem “Duerchbroch” an de Brexit Verhandlungen e Freiden, sinn haut Douten upkomm op Groußbritannien sech géif un d’Ofmaachung halen. De Bill Wirtz bericht vu Bréissel:

Um Freiden huet et op der Pressekonferenz zwëschen dem Theresa May an dem EU-Kommissiounspräsident Jean-Claude Juncker esou geklongen wéi wann d’Phase 1 vun de Verhandlungen ofgeschloss wieren. Déi gréisste Sträitpunkter wiere geléist. Um Sonnden sot de britische Staatssekretär fir d’Brexit-Négotiatiounen David Davies, dass Groußbritannien eréischt da bezuele géif wann och een Handelsaccord géif eraussprangen. Déi Iresch Regierung huet op dës Aussoen reagéiert as gesot dass all Säiten sech op d’Conclusiounen vun e Freiden halen sollen.

De Pieter Cleppe, vum britesche Reform-Think Tank Open Europe seet allerdéngs dass d’Aussoen vum David Davies net iwwerraschend wieren.

“Nothing is agreed until everything is agreed”, “Näischt ass ofgemaach bis alles ofgemaach ass”, ass deemno de britesche Motto. Et Fräihandelsaccord zwëschen der Europäescher Unioun a Groußbritannien wier fir béid Säiten immens wichteg. Wéieng fiskalpolitech Décisiounen d’Briten huele géingen wiere net onwesentlech, sou de Pieter Cleppe.

D’Phase 2 vun de Verhandlungen wäert elo esou séier wéi méiglech Form unhuelen. Een automatesche Gewënn fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg wäer deemno net eppes wat een erwaarde soll. Alles hänkt of vun den internen politeschen Debatten zu Westminster. Fir de Pieter Cleppe ass awer sech dass d’Theresa May selwer sech net wäert hale kënnen:

Bis zu engem finalen Accord wäert et ob alle Fall nach zu vill op an of kommen.

[Radio OFSO]: D’iresch Regierung reagéiert nervös op d’Aussoen vu Groußbritannien fir een Brexit-Accord just ze akzeptéieren wann och een Handelstraité fir si géif dobäi eraus ze kommen. De Bill Wirtz huet sech mat de Konsequenze vu Brexit beschäftegt.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

w

Connecting to %s