De Réckbléck vun der Woch [18/2017]

Heiansdo sinn Nouvellen zu Lëtzebuerg ze kleng fir ee ganzen Artikel driwwer ze schreiwen, dofir hei de Réckbléck vun dëser Woch. De Réckbléck vun dëser Woch ass méi kuerz well ech momentan an der Examenszäit op menger Uni sinn. Donieft sinn ech de Weekend zu Paräis fir déi franséisch Wahlen ze couvréieren. Wien d’lescht Woch verpasst huet, dee fënnt se hei.

Den Dag vum Net-Schaffe-Goen

E Méinde war den éischten Mee, op deem mir d’Valeur vun der Aarbecht feieren… andeems mer net schaffe ginn. Well haut am Grand-Duché natierlech soss näischt gelaf ass wéi sozialistesch Defilé’en, beglécken ech iech mat enger Foto déi zu Paräis gemaach gouf an haut op Twitter gepost ginn ass:

Screen Shot 2017-05-01 at 19.25.28

Soueng kommunistesch Revolutioun mëscht esou hongereg dass een direkt bei déi amerikanesch multinational Fast-Food Chaîne KFC Poulet iesse goe muss. Ee Gudden, geldier?

Effektiv Guy Weber, ee richteg waarmt Eisen

Um Mëttwoch dann schwätzt de RTL Chefredakter Guy Weber vun eppes wat hie selwer “ee waarmt Eisen” nennt: D’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg. Hie schwätzt doran vun engem Bréif deen hie vun engem eeleren Här krut fir sech ze beschwéieren dass um RTL ze vill franséisch geschwat gëtt. A senger Äntwert mech de Guy Weber zwou Aussoen déi beim Lëtzebuerger Publikum net gutt ukommen: Zum engem seet hien dass d’Resultat dass Auslänner géife gebrache Lëtzebuergesch schwätzen eis souwisou och net passe géif, an seet dann och nach folgendes:

“Mer géifen eis gären exklusiv mat Leit ënnerhalen, déi Lëtzebuergesch kënnen. Ma da musse mer de Privatsecteur gréisstendeels op der Säit loossen. Well och dat ass eng Realitéit. Patrone bilden aus a verléiere vill Leit un de Staat an un d’Gemengen. Well do de Leit méi Sécherheet gebuede gëtt.”

All Respekt Här Weber.

Moneeeeeeeyyyyy

An engem Interview mam Paperjam um Mëttwoch seet de Chefredakter vum Lëtzebuerger Land Romain Hilgert dass et schwéier gëtt an Zukunft professionelle Journalismus ze finanzéieren. Hie seet:

“La question décisive sera: combien de lecteurs et auditeurs seront capables et prêts à payer un journalisme professionnel indépendant au prix fort?”

Amplaz op déi immens Transitioun vun alternative Medien anzegoen setzt de Romain Hilgert weider op staatlech Pressehëllefen a staatlech Sender wéi den 100,7.

“L’État intervient de plus en plus pour garantir ce luxe: après la création de l’aide à la presse écrite et de la radio socioculturelle, il vient de lancer une aide à la presse numérique et de subventionner massivement RTL Télévision. Bien que toutes ces aides ne soient pas désintéressées, on devra continuer à se permettre ce luxe.”

Beim Staat schaffen einfach gemaach… nach méi einfach?

Um Donneschden mellt den RTL dass een neien Internetsite virgestallt ginn ass fir et ze erliichteren eng Aarbechtsplaz beim Staat ze fannen. Op Gouvjobs.lu sollen deemno an Zukunft Aarbechtsplazen an der Fonction publique a Staats-employé’en fonnt kënne ginn.

“Eng Vereinfachung fir Leit, déi sech beim Staat wëlle mëllen an awer och eng grouss Erliichterung fir d’Verwaltung. Sämtlech Posten, déi beim Staat opginn, wäerten op der Säit verëffentlecht ginn. Bei der Presentatioun en Donneschden de Moien huet den Minister vun der Fonction publique, Dan Kersch betount, datt de Staat nach ëmmer en attraktiven Employeur wier, an awer wier et net ëmmer evident, déi Leit ze fannen, déi an de Verwaltunge gebraucht ginn. An Zukunft soll ee méi visibel ginn.”

A la bonne heure, wéi gutt dass mer eisen opgeblosene Staatsapparat elo nach méi séier opblose kënnen.

Xavier Bettel op CNN: Kritik um Theresa May

Um Freiden war de Premierminister Xavier Bettel op CNN fir iwwert de Verlaf vun de Brexit-Negociatiounen ze schwätzen. Hien huet dobäi op eng Inkohärenz vun der britescher Premierministesch Theresa May higewisen, déi constamment hier Meenung ännere géif. Leider héiert een hei een Echo vun de Positioune vum Jean-Claude Juncker, deen u Groussbritannien een Exempel statuéiere wëll fir dass net nach aner Länner d’Unioun verloossen.

“Widderholl huet de Lëtzebuerger Premier och, datt de Brexit keen “cherry picking” wier, et kéint ee sech also net just d’Kiischten eraussichen. Et wier een zu 28 um Dësch an et misst een en Accord zu 28 fannen. En “Europe à la carte” wier net virgesinn …”

No bei 600 000 Awunner

Um Freideg mellt d’Tageblatt dass de Grand-Duché d’Linn vun 590 000 Awunner iwwerschratt huet.

“Der Zuwachs erklärt sich, wie auch im Vorjahr, vor allem durch die hohe Einwanderung. Im Vergleich zu 2015 ist die Einwanderungsquote 2017 allerdings rückläufig (minus 15,3 Prozent).”

Sou ginn dem Statec no och weider interessant Zuele gewisen, notamment dass d’Net-Lëtzebuerger méi jonk sinn wéi déi lokal Bevëlkerung, dass eisen Taux un Auslänner bei 48% läit an dass ëmmer manner Leit bestuet ginn.

De Jean-Claude Juncker mëscht sech nees keng Kollegen

Um Samschden schreift d’Lëtzebuerger Wort dass d’Angela Merkel net amuséiert iwwer dem EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker säin Iesse mat der britescher Premierministesch Theresa May gewiescht wier.

“In einem Artikel der „Frank­fur­ter All­ge­mei­nen Sonn­tags­zei­tung“ wird Juncker mit folgenden Worten zitiert, die er am Schluss des Dinners gegenüber May geäußert haben soll: “I’m leaving Downing Street ten times more skeptical than I was before“. Das Kanz­ler­amt gehe da­von aus, dass Juncker oder sein Ka­bi­netts­chef Mar­tin Sel­mayr die Zei­tung bewusst über den Ge­sprächs­ver­lauf in Kenntnis gesetzt habe. Angesichts der kritischen Lage sei es nicht besonders hilfreich, die Stimmung derart anzuheizen, heißt es.”

Do maache mer eis jo nees nëmme Frënn am Ausland.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

1 Response

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s