De franséischen Dilemma

Dëse Beitrag ass de Script vu mengem Fräie Mikro, deen den 27. Abrëll um Radio 100,7 iwwerdroe gouf. Nolauschtere kann een den 100,7 Beitrag hei.

Jee nodeem wéieng Zeitung ee liest ass d’Resultat vum zweeten Tour am Frankräich elo scho bekannt: Den Emmanuel Macron gewënnt haushéich well de Front républicain, also déi etabléiert Parteien, sech zesumme gedoen huet fir d’Marine Le Pen an hire Front national ze verhënneren. Deenen éischte Sondagë no ass dat och dee wahrscheinlechen Szenario. Do ass d’Story dann eriwwer, kierzte Fräie Mikro bis elo. Net esou ganz.

Responsabiliséierung iwwer d’Medien

“Au premier tour on choisit, au deuxième tour on élimine”, dat ass den allgemenge Kredo wann et zum franséische Wahlsystem kënnt. Vill Wieler, besonnesch Jonker, Studenten déi oft fir déi éischte kéier bei de Presidentielle matmaachen, fillen sech onwuel bei dëser Method. An deenen zwou Wochen zwëschen deenen zwee Tour’en ginn si vun der politescher Landschaft an de Medien responsabiliséiert: “Maacht iech fir déi republikanesch Valeure staark! Wie net wielt entzitt sech senger Responsabilitéit a léisst de Faschismus zou!”

D’Wieler vum Jean-Luc Mélenchon – ee Kandidat deen immerhin de kubaneschen Diktator Fidel Castro relativiséiert huet – sollen elo een eemolegen Investmentbanker wielen deen als Minister deelweis Liberaliséierunge vum Aarbechtsmarché duerchgesat huet. Supportere vun der Manif pour tous, déi sech dem François Fillon ugeschloss hate well hien d’Gesetz zum gläichgeschlechtleche Mariage ännere wollt, sollen elo den Emmanuel Macron wiele fir deen ee solche Changement op kee Fall a Fro kéim. An déi déi net wielen, sief et aus Désinteresse oder awer aus Iwwerzeegung, kréien non-stop moraliséierend Platituden un de Kapp gehäit, dass alles anescht wéi ee Vote Macron ee Vote fir d’Marine Le Pen wier.

Wéi laang hällt déi Franséisch Gedold un?

Laang ass dëse System elo schonn amgaang: Säit dem zweeten Tour Chirac-Le Pen am Joer 2002 ass bei all nationalem a regionalem Vote déi selwecht Kassett lafe gelooss ginn. Währendeems gëtt den Écart zwëschen dem Front républicain an der Le Pen-Famill ëmmer méi kléng. Wat 2002 nach 82% fir de Jacques Chirac waren, solle Sondagë no elo just nach 62% fir den Emmanuel Macron sinn.

Jo, vill Fransousen si frustréiert. Amplaz hier Conscience ze wielen dreift ee politesche System si dozou ee Politiker ze wielen deen si net wierklech ënnerstëtze wollten, just fir eng Katastrophe-Kandidatin ze verhënneren. Iergendwéi wäert den Emmanuel Macron scho gewielt ginn um 7. Mee, mee wat dann? Wann de President Macron mat der politescher Realitéit vu komplizéierte Majoritéiten, der Fonction publique an de franséische Gewerkschafte konfrontéiert gëtt, da si mer an zwee Joer do wou mer elo sinn: Beim status quo.

Vun de régionales‘en iwwer d’départementales’en wäert de Wahlsystem déi etabléiert Politiker dann viru beschützen, während den Ecart mam Front national méi kléng gëtt an d’Wieler méi frustréiert. Wann dann 2022 virun der Dier steet, da gëtt d’Kassett vum vote utile nees ageluecht a mir dierfen nees vu vir ufänken.

En vue vun dëse Realitéiten ass d’Abstentioun bei dëse franséische Wahlen esou verständlech wéi nach ni.


The thumbnail is a compilation of two Flickr Creative Commons picture which can be found here and here.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s