“Esou e Gesetz iwwer e Vermummungsverbuet gëtt et hei am Land nach keent, als Oppositioun géing d’CSV d’Regierung awer drop hiweisen, dass hei misst fir Kloerheet gesuergt ginn, erkläert de Marc Spautz. Do géif een net méi dolaanscht kommen.”, heescht et op rtl.lu, an en effet schéngt d’CSV fir ee Verbuet vun der Burka zu […]
Heeschen ass ee Choix, aarm sinn oft net
No mengem leschten Artikel wisou een d’Funktioun vum Heesche muss als Offre-Demande betruechten an deemno op de Wee sollt goen näischt ze ginn, krut ech a Gespréicher wéi am Netz vill Reaktiounen: “Simplistesch, elitär, egoistesch”, an där Reiefolleg, villäicht mat méi Ausruffzeechen. Ech wollt a menger Äntwert dobäi besonnesch op den Artikel vum Sveinn Graas agoen.
Näischt ginn ass ee gudden Ufank
Säit dem offene Bréif vum Gaston Vogel a mat der Hëllef vum lëtzebuerger Summerlach ass de Sujet vum Heeschen nees opkomm am Land. Déi éischt Reaktioun, notamment vun de Stater Geschäftsleit, ass fir no engem Verbuet ze froen. Eng méi einfach an durabel Léisung ass et einfach näischt ze ginn. Aus gudde Grënn.
Wien de Studenten hëllefe wëll muss d’Studentesubsiden ofschafen
Iwwer 20.000 Studenten [1] bezéien eng Bourse am lëtzebuerger System. Säit der Reform vum Héichschoulminister François Biltgen déi d’Kannergeld an de Subsidemodell transforméiert huet, hunn d’Steierzueler 525 Milliounen Euro eleng fir dësen Deel vun der Héichschoulbildung ausginn. Gläichzäiteg klammen den Décrochage, de Jugendchômage, d’Disparitéit zwësche Studium a Offre d’emploi an d’Administratiounskäschten. Dësen Artikel lauschteren
24 Froen zum Auslännerwahlrecht – Ee Commentaire
Viru kuerzem gouf den Debat géint d’Initiativ vum Auslännerwahlrecht am Referendum vum 7. Juni iwwert eng Internetsäit mam Numm Nee2015.lu lancéiert. Hannert dëser Aktioun, déi och Flyeren a Stickere produzéiert fir dës Campagne stiechen no Informatioune vum Site de Steve Kodesch an de Fred Keup (jo gell, ech duecht och et géif en alt Nimm […]
Pabeier ass gedëlleg, och wann Verfassung drop steet
Wéi ech héieren hunn dass d’Regierung an di grouss Glawensgemeinschaften een Accord fonnt hunn bei deem all Säiten ee Laachen am Gesiicht hunn an de Jean-Claude Hollerich zesumme mat verschidden Députéierte seet mir hätten elo eng “Trennung vu Kierch a Staat”, hunn ech gemierkt dass eppes net stëmme kann. Ech louch falsch, et stëmmt nämlech zimlech vill […]
Antiquitéiten
“Bis du bestuet bass gesäis de dat anescht.” Sou zimlech e Saz deen een seng Kandheet laang verfollegt. Donieft huet sech am Sujet Bestietnis anzweschend villes gedoen. Ab dem éischte Januar 2015 kënnen sech gläichgeschlechtlech Koppele matenee bestueden, an dat ass eng wonnerbar Saach! Et war eng absolut néideg Ännerung, awer just ënner der Prämiss […]
Streikrieden – Ee Commentaire
Wéi ech d’Rieden um Streik vum 25. Abrëll géint de Projet de Loi (PdL) 6670 gelauschtert hunn (déi een op Eldoradio nolauschtere kann), si mir eng ganz Rei Saachen opgefall, déi soit esou net stëmmen, soit fort diskutabel sinn. Ech hunn dofir aus de Rieden déi betreffend Sätz sou gutt wéi méiglech erëmginn an kommentéiert. […]