Pabeier ass gedëlleg, och wann Verfassung drop steet

Wéi ech héieren hunn dass d’Regierung an di grouss Glawensgemeinschaften een Accord fonnt hunn bei deem all Säiten ee Laachen am Gesiicht hunn an de Jean-Claude Hollerich zesumme mat verschidden Députéierte seet mir hätten elo eng “Trennung vu Kierch a Staat”, hunn ech gemierkt dass eppes net stëmme kann. Ech louch falsch, et stëmmt nämlech zimlech vill net.

Aus enger gewëssener Logik eraus, an et ass ganz gutt méiglech dass déi mir eegen ass, kann ee soen dass eng Organisatioun déi jäerlech eng enorm Zomme Sue bezitt ouni eng Géigeleeschtung ze erbréngen, usech eng net-existent Verhandlungsbasis misst hunn wann et drëms geet dat ze änneren. Mee esou einfach ass et wuel net: d’kathoulesch Kierch, déi joerhonnertelaang Lëtzebuerg beaflosst huet an deem se gesellschaftleche Fortschrëtt verhënnert an immens finanziell Virdeeler genoss huet, ass ee “Verhandlungspartner” vun der Regierung gewiescht. An d’kathoulesch Kierch wollt ganz besonnesch eppes net, an dat ass dass de 7. Juni beim Referendum d’Fro iwwer d’Finanzéierung vun de Paschtéier gestallt gëtt.

5372201182_c845eebc3b_oMat wéienge Sue gebaut?

E puer Wuert muss ee vertréischt iwwer d’Positioun vun der Regierung en vue vum consultative Referendum soen. Ee Referendum ze organiséieren ass ee Symbol vun der direkter Demokratie, ee Rapprochement zwëschen dem Bierger an der Politik innerhalb vun engem System deen him normalerweis just an engem (üblecherweis) regelméissegen Zäitraum de Choix vu neie Representante gëtt. Eng Fro an engem Referendum ze stellen ass d’Concessioun un de Bierger dass hien eng Roll spillt am politesche Geschéien an dass d’Vollek anescht wéi d’Parlament zu Lëtzebuerg eegewëlleg vis-à-vis vun der Exekutiv ka sinn. D’Liichtfankegkeet mat där d’politesch Majoritéit d’Referendumsfro Nummer 4 gestrach huet ass beonrouegend, ënnert anerem och well d’Implikatioun dass ee “Nee” mat dem aktuellen Accord jo kaum vereinbar gewiescht wier ee batteren Nogeschmaach léisst. Iwwer dëse Wee, sou schéngt et mir, lafe mir de 7. Juni nach méi Gefor di dräi aner Froen zu Stellungnahme vun der Dagespolitik ze maachen.

Mee anscheinend muss ech frou sinn, well Lëtzebuerg gëtt elo ee reliounsneutrale Staat. Dat gëtt opmannst gesot, opfällegerweis anescht vun deene Politiker déi ee Studium am Droit gemaach hunn wéi vun deenen aneren. Den neien Artikel 117 vun der Verfassung soll wéi follegt klengen:

“En matière religieuse et philosophique, l’Etat respecte les principes de neutralité et d’impartialité. Les églises et communautés religieuses sont séparées de l’Etat. La loi règle les relations entre l’Etat et les communautés religieuses, ainsi que leur reconnaissance. Dans les limites et formes fixées par la loi, des conventions peuvent préciser les relations entre l’Etat et les communautés religieuses reconnues.”

Wou ass de Staat onparteiesch wann en eng Konventioun mat verschiddene Glawensgemeinschaften ënnerschreift a mat aneren net? Wann d’Argumentatioun déi ass dass et bei aneren em “Sekten” handelt, oder em Organisatiounen déi keng vergläichbar Gréisst hunn, da mécht d’politesch Autoritéit jo nees ee Jugement vun deem wat glawenstechnesch opportun ass a wat net. De Fait dass de Staat iwwer déi nächst Joeren ewech fir Reliounsgemeinschafte strukturell amplaz vu 25 Milliounen nach 8 Milliounen Euro wëll ausginn ass net méi wéi eng Dépensereduktioun. Wann mir dovun ausginn dass Relioun Privatsaach ass, da musse mir domat d’Ausüben AN de Finanzement mengen: De Net-Reliéise Contribuable wäert nach laang Joeren d’Glawensgemeinschafte mat senge Sue musse finanzéieren, an et ass dach dat ee vun de grousse Punkten déi deen deen den État laïque wierklech wëll, ufechte misst. Genausou gouf et nach ëmmer verpasst de Reliounen eng forme juridique ze ginn, duerch deen si selwer méi Onofhängegkeet kréie géifen an de Staat ophält sech an hier Organisatioun ze mëschen. Well jo, Trennung gëllt a béid Richtungen.

topelementChambre des Députés (Source)

Ech hätt mir vun deene Parteien déi den État laïque wierklech wëllen erwaard dass se de Problem beim Numm nennen. Während d’Fransouse mat hirem Gesetz vun 1905 Kierch a Staat wierklech getrennt hunn, ass Lëtzebuerg un engem napoleonianesche Konkordat vun 1801 hänke bliwwen, dee net geännert gouf well d’CSV souwisou als verlängerten Aarm vun der kathoulescher Kierch all fräiheetlecher Reform am Wee stoung a well d’Oppositioun d’Konsequenze vun engem Elektorat gefaart huet wat esou gleeweg längst net méi ass. A grad well keen eppes mam Numm nenne wëll an engem Land wou jidderee weess bei wiem wéieng Intérêt’en leie konnt sech d’Argumentatioun fir eng Trennung vu Kierch a Staat ni an de gesellschaftlechen Debat afügen, eng Chance déi mam Sträiche vun der Referendumsfro verpasst gouf. Schlussendlech weess ech emol net iwwer wat ech méi traureg sinn: Dass de Referendum net stattfënnt, dass 20 Joer laang keng Diskussioun iwwer d’Trennung ka gefouert ginn oder dass bis dohinner sech souwisou jiddereen ageried huet dass d’Trennung scho vollzu gouf. Déi déi vum vergaangen Obskurantismus iwwreg sinn hunn op alle Fall Grond sech ze freeën.

A wat de gemeinsame Wäerteunterrecht ugeet bleiwen ech skepteschen Observateur. D’Diskrepanz am Bildungssystem ass nach méi entwéckelt wéi déi an der Politik.

Iergendwou muss et jo hierkommen.


Dësen Artikel gouf den 27/01/2015 am Lëtzebuerger Journal verëffentlecht.

Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s