[Reportage] Europäesch Unioun soll manner ofhängeg vu Medikamenter-Importer ginn

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 25. November iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Haut de Mëtten huet d’Europäesch Kommissioun eng nei Strategie fir pharmazeutesch Produkter an hir Industrie virgestallt. Mat dëser Strategie soll sécher gestallt ginn dass Medikamenter disponibel a bezuelbar sinn, an et soll fir méi Transparenz gesuergt ginn.

Et ass eng wäitreechend Strategie déi vill Froe gläichzäiteg beäntwerte wëll. Ee ganz aktuelle Problem ass dee vun de Penurie’en: Am Fréijoer ware wärend dem Ufank vun der COVID-19 Pandemie verschidde Medikamenter knapp ginn. Fir dat ze verhënneren wëll d’EU-Kommissioun fir méi Transparenz bei de Produktiounsvolume suergen, a sécher goen dass d’EU-Memberstaate méi zesumme schaffen.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz ass allgemeng net ganz iwwerzeegt vun der Strategie. Et géife vill Detailer feelen, besonnesch um Sujet Präisser vu Medikamenter a bei der Transparenz.

Et wieren awer och eng Partei gutt Elementer an der Strategie, esou déi Gréng Politikerin. Méi Kooperatioun zwëschen de Memberstaaten, zum Beispill duerch dat gemeinsaamt Akafe vu Medikamenter, an duerch méi Transparenz. Transparenz dierft allerdéngs net just eng Optioun sinn, mee dass et zu der Norm gëtt.

D’Tilly Metz hat an deene leschte Wochen a Méint méi zum Sujet kommunizéiert. Si kritiséiert dass Pharmakonzerner déi ëffentlech Steiergelder kréien net offe musse si mat hierer Präispolitik, an dass Medikamenter déi ëffentlech finanzéiert goufen herno ze deier sinn.

Eng Strategie vun der Europäescher Kommissioun ass kee Reglementer oder Direktiv, et ass eng Roadmap déi erkläert d’Kommissioun maache wëll. Duerno mussen sech d’Institutiounen, also d’Kommissioun, d’Europaparlament, an den Europäesche Conseil, op kloer Gesetzesproposen eenegen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s