[Reportage] EU-Sommet: Reaktioune vun de Lëtzebuerger EU-Deputéierten

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 3. Oktober iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Um Sommet vum Europäesche Conseil dës Woch sinn d’Staats- a Regierungscheffe vun deene 27 EU-Memberstaate sech bei Sanktiounen géint Belarus eens ginn.

Um Sujet vun der Tierkei krut de Präsident Erdogan zwee Méint Zäit, fir am Mëttelmier ee Kompromëss ze fannen.

D’Conclusioune vum Europäesche Conseil hu Sanktioune géint 40 Membere vum Regime vum Alexander Lukashenko am Belarus virgesinn. An der Praxis heescht dat, dass dës Leit net kënnen an Europa reesen, an dass hir Bankkonten agefruer ginn. Géint de Lukashenko goufe keng Sanktiounen aktivéiert, obwuel d’Europäesch Unioun d’Walresultat vum 9. August net unerkannt huet.

Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens fënnt et gutt, dass am Moment nach keng Sanktioune géint de Lukashenko selwer komm wieren. Esou wier nach Plaz no uewen, wa weider Sanktioune komme missten.

D’CSV-Europadeputéiert Isabel Wiseler gesäit dat anescht. Hie wier net als Präsident unerkannt, an “Immunitéit ass net akzeptabel”.

Fir de Charles Goerens gëtt et ausserhalb vu Belarus just eng Persoun, déi Afloss op d’Situatioun kéint hunn, an dat wier de Russesche Präsident Vladimir Putin. Dee wier allerdéngs an engem Dilemma. Géing hien de Lukashenko ënnerstëtzen, da géing hien d’Demokratiebestriewung a Belarus ënnerdrécken, mee wann hien d’Oppositioun géing ënnerstëtzen, da géing hien der Oppositioun doheem weisen, dass d’Diktatur net onendlech liewe kéint.

D’Sanktioune konnte just am Europäesche Conseil beschloss ginn, well d’Zypern säi Veto net agesat hat. Den Inselstaat hat mat engem Veto gedréit, fir eng geschlossen Haltung géint d’Tierkei ze erzwéngen. D’Decisioun war schlussendlech, dass de Regime ënnert dem Präsident Erdogan mat klore Sanktiounen am Dezember gedreet kritt, wann hie bis dohinner keen Accord mat Zypern a Griicheland fonnt huet iwwer maritim Grenzen.

Fir d’Isabel Wiseler weist dës Situatioun vum Veto de Problem, dass de Conseil net effikass wier. Well d’EU Staats- a Regierungscheffe bei Froe vun der Aussepolitik mussen eestëmmeg decidéieren, kéim et ze seelen zu geschlossenen Decisiounen.

Déi nächst Geleeënheet, wou de Conseil dann op en Neits aussepolitesch Sujeten diskutéiere wäert ass um Sommet an zwou Wochen.

Conclusiounen vum Conseil fannt Dir hei.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s