Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 15. September iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
D’Europaparlament huet dëse Mount ausnamsweis Plenièren zu Bréissel. En Dënschdeg stoung d’Aussepolitik um Ordre du jour fir déi éischt Plenière.
Zanter der leschter Plenière ass vill geschitt, wouzou d’Parlament sech äussere kann. Ugefaange gouf en Dënschdeg de Moie mat der Tierkei, déi am Mëttelmier Sträit mat Griicheland an Zypern huet. D’Europäesch Unioun werft Ankara Provokatioune vir. Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler huet déi Analys en Dënschdeg gedeelt.
Déi tierkesch Attitüd wier puer Provokatioun, esou wéi hir militäresch Aktiounen. Et géing ee sech d’Fro stellen, wat d’Tierkei an der Realitéit wierklech mat dëser Attitüd wéilt erreechen, sou d’Europadeputéiert.
Op der Säit vun der Lénksfraktioun huet den Däitschen Europadeputéierte Martin Schirdewan och kloer Wierder geschwat.
D’Tierkei misst esou séier wéi méiglech hir Provokatioune a militäresch Menacen astellen a sech fir déi politesch Deseskalatioun a fir een Dialog asetzen. Den Erdogan misst realiséieren, dass et d’osmanescht Räich net méi géing ginn, sou de Martin Schirdewan, dee sech ënnert anerem direkt un de President Erdogan geriicht huet.
D’EU-Staats- a Regierungscheffe kommen d’nächst Woch zesummen, fir méiglech Sanktioune géint d’Tierkei ze decidéieren.
Duerno hat d’Parlament kuerz Diskussiounen zum Sujet Belarus. D’Leit am Belarus wéilte momentan 2 Saachen: fräi Walen an d’Entloossung vun de politesche Gefaangenen. D’EU hätt eng gutt Decisioun getraff, wéi se d’Walen net unerkannt huet a misst Neiwalen am Belarus fuerderen, sou d’Europadeputéiert Viola Cramon-Taubadel.
Et gouf och een Debat iwwer d’Situatioun am Libanon. D’Vollek vu Libanon hätt es sat mat der Korruptioun. Eng international Enquête wier néideg, sou d’Nathalie Loiseau.
An zum Ofschloss gouf et eng Diskussioun iwwer d’Vergëftung vum russeschen Oppositionellen Alexej Nawalny. E Mëttwoch de Moien ass an der Plenière vum Europaparlament d’Ried zur Lag vun der Unioun vun der Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.