[Feature] Vakanzendestinatioun Tierkei: UNESCO-Weltierwen Efesos

Dëse Feature gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 31. August iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

D’Tierkei ass fir Touristen op wärend dem Coronavirus, a wien zréck op Lëtzebuerg reest muss och keng Quarantän maachen. Nieft de Plagen gëtt et do och ural Geschicht ze entdecken.

Ongeféier am Joer 1000 viru Christus gouf Efesos nieft dem Tempel Artemis gebaut, eent vun 7 Wonner vun der Antik, dat leider am Joer 400 no Christus a Brand gestach an zerstéiert gouf. Efesos war fir d’éischt eng griichesch, duerno eng réimesch Hafestad, déi deemools um Mëttelmier louch. Duerch den techntonesche Mouvement ass d’Stad haut 9 Kilometer vum Mier fort, a läit ongeféier eng Autosstonn vun der tierkescher Stad Izmir. 

r. 

© Bill Wirtz

Et muss een sech virstellen, dass wat een hei gesäit méi al ass wéi déi meeschten Ruinen, déi ee soss anzwousch fanne kann, well d’Maueren iwwer 3000 Joer al sinn – als Referenz: déi grouss Mauer a China ass 800 Joer méi jonk wéi dës Stad.

Eent vun de Gebaier, déi am beschten erhale goufen, ass d’Bibliothéik Celsus, déi vum Réimesche Räich am 2. Joerhonnert gebaut gouf, an déi deemools 12.000 Schrëftrullen hat. Am impressionantsten ass den alen Theater, deen an der griichescher Zäit, also virun de Réimer, gebaut gouf – deen hat eng Capacitéit vun 25.000 Zuschauer a war deemools dee gréissten an der antiker Welt.

© Bill Wirtz

Am 15. Joerhonnert hunn déi lescht Awunner Efesos verlooss, well d’Regioun ze vill Äerdbiewen hat a well d’Mier esouwäit zréckgaange war, dass et keng Hafestad méi konnt sinn. D’Stad ass duerno zerfall, an eréischt an der Mëtt vum 19. Joerhonnert hu britesch an éisterräichesch Archäologen mat Ausgruewungen ugefaangen.

Chrëschten pilgeren iwwregens vun Efesos annerhallef Stonn bei d’Kierch vun der Gottesmamm Maria, déi als déi lescht Plaz bekannt ass, wou d’Maria soll gelieft hunn. Wien duerch Efesos trëppelt, deen otemt d’Loft vun der Geschicht an.

© Bill Wirtz

Saachen, déi bei Ausgruewunge vun Efesos fonnt goufen a vun deenen der deemools vill vum Osmanesche Räich verkaaft goufen, kann een haut am britesche Musée zu London, oder am Efesos Musée zu Wien gesinn.

Am Joer 2015 gouf Efesos vun der UNESCO zum Weltierwen erkläert, a zitt 2,5 Millioun Touriste pro Joer un. Haut leien d’Ruinen un der tierkescher Stad Selçuk, déi vum Tourismus lieft. Den Entréesticket fir Efesos selwer kucken ze goen ass 100 Tierkesch Lira op de Kapp, eppes iwwert 10 Euro.

Wien an der Tierkei an der Géigend vun Izmir oder Bodrum Vakanz um Mier mécht, kann sech dëse kulturellen Trip net entgoe loossen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s