Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 21. Juni iwwerdroe ginn.
“Facial recognition”, also Programmer déi Gesiichter vu Video- oder Fotomaterial erëmerkenne kënnen, ass eng kontrovers Technologie. Während an Amerika elo een Ëmdenke kënnt, gëtt se a Groussbritannien weider benotzt, obwuel Kritiker behaapten dass et kéint d’Privatsphär verstéisst.
Et ginn zwou Zorten vun der sougennantener “facial recognition”. Déi eng gëtt et scho méi laang, zum Beispill wann dir um Fluchhafen äre Pass kontrolléiert kritt, dann kuckt déi Kamera uewen op d’Bild op ärem Pass mat ärem Gesiicht iwwerteenee stëmmt. Déi « facial recognitiion » déi elo disuktuéiert gëtt ass eng Datebank, wou Gesiichter gespäichert gëtt, an duerch déi, mat Hëllef vun ëffentleche Kamera’en, gekuckt gëtt wou dir wéini waart.
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler ass Member vum Comité fir Mënscherechter am Europaparlament, an erkläert dass dës Technologie an Europa, ausser an Aussnahmefäll, net erlaabt ass. D’Protester zu Hong Kong hätte gewisen wéi problematesch déi Technik kéint an der Wierklechkeet sinn.
An Amerika ass op Drock vun den Anti-Rassismus Manifestanten een Ëmdenken entstaanen. Firme wéi Microsoft, IBM, an Amazon hu gesot dass si keng esou Technologie verkafen bis ee legalen Encadrement besteet.
D’Isabel Wiseler seet och dass d’Europäesch Unioun keng Zäit verléieren dierf bei der Gesetzgebung, well d’Technologie géing weider goen op ee wëll oder net. D’CSV-Politkerin seet dass d’Europäesch Kommissioun an engem Wäisse Buch eng gutt Viraarbecht gemaach huet. Allerdéngs ass d’Positioun vu Bréissel ambigu. Wéi d’EU Nooriichtplattform Euractiv bericht, hat d’Kommissioun am Februar ee Moratoire vun der Technologie am leschte Moment awer net Betruecht gezun. Ee Spuenesche Projet dee “facial recognition” benotzt fir Mënschen ze erkennen och wann se eng Mask un hunn, krut ëffentlech EU-Gelder fir de Projet ze realiséieren.
Een Update vun den EU-Dateschutzreegelen gëtt iwwregens fir e Mëttwoch erwaard.