Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, a gouf den 10. Mee iwwerdroen.
Wéi soll no den akutelle Mesuren dat internationalt Reesen nees ugoen? Déi Fro stelle sech vill Länner an Europa, déi elo obligatoresch Quarantäne proposéieren.
Am Ufank vun dëser Disskussioun gouf an Däitschland de sougenannten “Immunitéits-Passport” proposéiert, also een Dokument dat beweist dass een immun ass, a mat deem ee seng Fräiheeten, dorënner déi fir ze reesen, zréckkréie géing. Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler erkläert dass dat awer keng reell Léisung wier. Eis Tester wiere net verlässlech, donieft wéisst mir net ob Immunitéit vu laanger oder kuerzer Dauer ass, falls se no enger Ustiechung iwwerhaapt existéiert.
Frankräich huet dofir ugeduecht dass all déi déi aus engem Net-Schengen Land kommen, missten eng obligatoresch Quarantän vun 2 Wochen maachen. An Däitschland ass et wahrscheinlech dass hir Quarantän vun 2 Wochen, egal vu wou een areest, bäibehale bleift.
D’Isabeler Wiseler seet dass d’Traité’en erlaaben dass temporaire Restriktioune gemaach ginn, mee dann misst awer och kloer definitéiert ginn wat de genaue But ass. Dat Zil gëtt hierer Meenung no mat Grenze net erreecht. Et wier besser fir deene Leit eng obligtoresch Quarantän ze verschreiwen déi aus enger spezifesch affektéierter Regioun kommen, an net wéinst hierem Hierkonftsland.
E Freiden huet d’Europäesch Kommissioun de Conseil an Europaparlament gefrot fir d’Areese vu Leit aus net-Schenge Länner ëm ee Mount op de 15. Juni ze verlängeren.