Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 9. Mee iwwerdroe ginn.
Am Kader vun der Corona-Kris huet d’Europäesch Kommissioun den EU-Membersstaaten erlaabt fir mat Hëllefspäk hier Economie ze ënnerstëtzen. Iwwert d’Halschent vun de Gelder ginn an Däitschland ausginn. D’Kommissioun seet awer dass dat net onfair wier.
Bis elo huet d’Europäesch Kommissioun de Wee fräi gemaach fir 1,9 Billiounen Euro u nationalen Hëllefsgelder. Als Referenz, dat ass ongeféier souvill wéi 100 mol d’Lëtzebuerger Staats-Dépense vum leschte Joer. D’Reegele vun de Staatshëllefe goufen zu Bréissel méi labber gemaach, fir ze verhënneren dass Entreprisen ënnerginn.
Vun deenen 1,9 Billiounen sinn 52% an Däitschland gefloss. Jeweils 17% sinn am Frankräich an an Italien ausgi ginn. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens seet, genau wéi d’Kommissioun dass dat net onfair wier, mee dass kloer no de Reegele gehandelt géing.
Et géif drëms goe fir Massenaarbechtslosegkeet ze verhënneren. Donieft misst een europäesch denken. China wier dobäi fir sech an Europa anzekafen, an dofir misst d’EU déi europäesch ekonomesch Souverainetéit verdeedegen.
Den DP-Politiker seet och dass um Niveau vu Bréissel méi Moyen’en gebraucht géifen, wat net géing heeschen dass Steieren missten erop goen, mee dass Courage misst gewisen bei der Fro wou ee Budget méi efficace ka benotzt ginn. Dat um Prinzip vun der Subsidiaritéit berouen, at heescht dass Mesuren vun där Instanz ëmgesat ginn déi et am beschte kann, sief dat europäesch, national, oder op Gemengenniveau.