[Reportage] A Corona-Zäiten: Vun doheem aus schaffen als Europadeputéiert

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 31. Mäerz iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag fënnt een och hei.

Vun doheem aus schaffen ass fir eent vun deene gréisste Parlamenter op der Welt, d’Europaparlament, eng Erausfuederung.

705 Europadeputéiert, déi all kéiers mat duerchschnëttlech dräi Assistente schaffen, an d’Personal, wat d’Parlament selwer brauch, schwätze mer séier vun 3.000 Leit, déi vun doheem aus d’Aarbecht vun der Europäescher Demokratie sollen organiséieren. Dat besonnesch a Krisenzäiten.

D’Monica Semedo ass déi jéngste Lëtzebuerger Europadeputéiert, an zanter de leschte Walen Europapolitikerin. Si seet, dass d’Aarbecht mat Home office ganz gutt géing goen. D’Fraktiounsëtzunge géifen zum Beispill iwwer Videokonferenz gemaach ginn an och soss kéint ee mat den eegenen Assistenten einfach iwwer Messagë kommunizéieren.

Virun a puer Deeg huet d’Parlament och säin alleréischten Online-Vote gemaach, bei deem d’Parlamentarier hire Votenziedel fotographéiert a per Email op Bréissel geschéckt hunn. D’DP-Politikerin fënnt, dass de Modus geklappt huet.

Aner Dossiere missten elo op Äis geluecht ginn an et misst just prioritär um Sujet Coronavirus diskutéiert ginn, dorënner och wat den Emploi ugeet. Hei wier et wichteg, dass Aarbechtsplaze geschützt ginn an och Leit, déi Independante sinn, ënnert d’Äerm gegraff kréien. Ee Beispill, wat d’Monica Semedo nennt, ass de Kultursecteur, deen ënnert dem Stëllstand leit.

Déi normal Aktivitéite vum Europaparlament si den Ament mol bis September ënnerbrach oder verännert. Bis dohinner gëllt reduzéiert Aktivitéit am Parlament oder eben den Home office.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Google photo

You are commenting using your Google account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s