Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 7. Mäerz iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een och hei.
Den Ausbroch vum Coronavirus huet déifgräifend Konsequenzen op d’Entreprisen an der Europäescher Unioun. Eng EU-wäit Strategie gëtt et awer net.
De Coronavirus gëtt ëmmer méi een Home-office-Experiment. Entreprisë wéi Google a Microsoft erlaben et hire Mataarbechter elo schonn, vun doheem aus ze schaffen, mä fir Entreprisen, déi net digital sinn a mat Clientë schaffen, stelle sech reell Froen.
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Monica Semedo, Member vun der Kommissioun fir Aarbecht a Soziales am Europaparlament, erkläert, dass zu Bréissel hei keng Kompetenze leien. Dat wier weiderhin d’Responsabilitéit vun de Memberstaaten. D’DP-Politikerin seet och, dass Employéen net kënne wéinst Angscht virum Virus doheem bleiwen.
Wichteg wier elo net a Panik ze geroden, an am Fall, wou ee mengt, et wier ee Betraff, fir d’éischt engem Dokter oder dem 112 uruffen, ier ee sech bei een Dokter deplacéiert.
Een Debat iwwert eng EU-Strategie fir d’Grippebekämpfung wier jee nodeems och néideg. Fir d’Monica Semedo kënnt et net a Fro, fir am aktuelle Kontext de Schenge-Raum a Fro ze stellen. Eng Diskussioun iwwert de Coronavirus steet an der Plénière vum Europaparlament d’nächst Woch um Programm.