Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 4. Mäerz iwwerdroen.
USO : D’Europaparlament zu Bréissel huet e Méindeg décidéiert fir seng Dieren fir Visiteuren zou ze maachen. A verschiddene Fäll dierfen och keng Journalisten an d’Gebei. De Bill Wirtz huet d’Detailer.
An engem Pressecomuniqué vum Parlamentspräsident David Sassoli heescht et dass all déi déi net Mataarbechter am Parlament sinn, mussen dobausse bleiwen. D’Décisioun koum en dernière Minutt Méindeg Owend, an huet fir Chaos op der Place de Luxembourg zu Bréissel gesuergt.
Journalisten sollten am Ufank dierfen era gelooss ginn, mee verschidde Gruppe vu krute vum Sécherheetspersonal keng Entrée. Anerer kréien een Ziedel ze ënnerschreiwen, wou dra steet dass si net a China, Hong Kong, Iran, Deeler vun Italien, Singapur, a Südkorea waren.
130 Evenementer mat 7000 Participant’en sinn ofgesot ; Visiteuren déi dës Woch ukomm sinn wësse net wouhinn, a Journalisten maachen hier Interview’en virun der Dier. Op d’Plénière d’nächst Woch zu Strosbuerg stattfënnt, ass nach net gewosst. Italienesch Mataarbechter vum Parlament kréie geroden 2 Woche laang net schaffen ze kommen.
Wat sécher ass : d’Europaparlement iwwerschléit sech mam Management vun dëser Kris, an u Coordinatioun feelt et.