[Reportage] Marc Angel frou iwwer EU-Handelsaccord mam Vietnam

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf den 18. Februar iwwerdoren.

D’Europäesch Unioun huet een Handelsaccord mam Vietnam ofgeschloss. Iwwert deen Deal soll déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht gestäerkt ginn.

Ma gläichzäiteg sollen och Avancë mam Aarbechtsrecht gemaach ginn.

Den Handelsaccord gouf d’lescht Joer zu Hanoi ënnerschriwwen, a krut d’lescht Woch vum Europaparlament zu Stroossbuerg säi Feu vert. Den Accord schaaft 99% vun den Droits de douane of, reduzéiert administrativ Käschten, a protegéiert geographesch Beschreiwungen a Produiten.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Marc Angel seet, dass ee sech fir d’éischt muss kloer sinn, wat wiem ee Commerce bedreift. De Vietnam wier ee kommunistescht Land mat engem Ee-Parteie-System. Den LSAP-Politiker seet hie wär selwer fir Multilateralismus, an dass d’EU duerch fräien Handel ee positiven Effekt op déi lokal Ekonomie an Aarbechtswelt kann hunn. Et kéint een hei och scho ganz konkret Beispiller erkennen, wéi de Vietnam sech duerch d’Negociatiounen, an d’Anhale vun internationale Konventioune fir d’Aarbechtsrecht verbessert huet.

De Marc Angel seet och, dass kloer rout Linne musse gesat ginn, an dass, falls de Vietnam sech regressiv Politicke géing ufänken ze maachen, den Accord misst op Äis geluecht ginn.

Unknown's avatar

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a comment