[Reportage] Marc Angel iwwer Altersaarmut: Wichteg, datt mir dëse Phänomen zu Lëtzebuerg evitéieren

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, a gouf de 6. Februar iwwerdroen. De ganze Beitrag fënnt een hei.

Aus engem neien EU-Rapport geet ervir, datt virun allem Leit, déi eleng an engem Stot liewen, riskéieren, a schwéier finanziell Situatiounen ze kommen.

Am Dezember huet d’EU-Agence fir d’Verbesserung vun de Liewens- a Schaffbedéngungen een neie Rapport iwwer “d’compositions des ménages et du bien-être” erausginn.

Eurofound ass d’EU-Agence, déi sech exklusiv mat der Promotioun vu verbesserte Liewenskonditioune beschäftegt. Am Dezember-Rapport stécht zum Beispill eraus, dass Leit, déi eleng an engem Stot sinn, méi dacks riskéieren, a schwéier finanziell a perséinlech Situatiounen ze kommen.

“Single-person households are at greater risk of poverty and social exclusion; single people of middle and older age, especially, have worse health and subjective well-being than those living with partners. Older people living alone have better well-being than their younger counterparts.”

Als Léisung proposéiert den Eurofound-Rapport hei ënnert anerem intergenerationellt Wunnen, wou eeler a jonk Leit, déi eleng sinn, an engem méi grousse Gebai zesumme liewen. Déi Leit, déi eleng sinn, misst een aus der Isolatioun erauskréien an do wären Initiativen op lokalem Niveau ganz wichteg, sou de Marc Angel.

Den LSAP-Europadeputéierte ass Member vum Comité fir Aarbecht a Soziales am Europaparlament a schwätzt virun allem d’Altersaarmut un, déi an Europa besonnesch am Osten e Problem bei Frae wär, an deen zu Lëtzebuerg keng Geleeënheet dierft kréien, fir Fouss ze faassen. Bei de Salairë géif et een Ënnerscheed tëscht Männer a Fraen ginn, also een “Gender pay gap” ginn, an doduerch och e “Pensiounsgap”.

Dem Marc Angel no huet d’EU méi Kompetenzen an der Sozialpolitik wéi gemengt géif ginn. Hie seet sech optimistesch iwwer d’Aarbecht vun der neier Kommissioun.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s