[Reportage] Januar-Plénière : 2. Weltkrich, Inégalité salariale, Aussepolitik

Dëse Reportage ass fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 17. Januar iwwerdroe ginn.

An hierer Plénièressëtzung dës Woch, huet d’Europaparlament zu Strosbuerg vill Aussepolitesch Sujet’en ugeschwat. Donief goung och riets iwwer d’Gläichheet zwësche Mann a Fra, an den 2. Weltkrich. De Bill Wirtz huet de Recapitulatif. 

Um éischten Dag vun der Plénière e Méinden huet d’Parlament sech d’urgence mat de Bëschbränn an Australie beschäfteg. Duerno huet d’Europäesch Kommissioun annoncéiert dass si op de Wee geet fir een eenheetlecht Luedkabel fir Handy’en an aner elektronesch Geräter anzeféieren. Fräiwëlleg haten eng rëtsch Entreprisen et zënter 2014 zwar probéiert, mee vill Chargeuren sinn haut nach ëmmer net kompatibel.

An enger Debatt ëm d’Inegalité salariale huet den LSAP-Europadeputéierten Marc Angel sech am Plenum zu Wuert gemellt.

Um Dënschde war dann d’Aussepolitik um Ordre du jour, mat Diskussiounen iwwer d’Situatioun am Iran, Venezuela, a Libyen. Um Dënschden an um Mëttwoch gouf den 2018 Mënscherechtsrapport diskutéiert, wou d’Rapportrice Isabel Wiseler sech iwwer d’Resultat freeë konnt. No enger ganzer Rëtsch Amendementer gouf den Text mat 496 Stëmme dofir, 113 dogéint, an 103 Enthaltungen ugeholl.

Um Mëttwoch huet d’Parlament och een Débat iwwer d’Gedenken un d’Zerstéierung vum 2. Weltkrich gefouert. Den DP-Europadeputéierten Charles Goerens huet an deem Kontext virun allem de Negationismus ugeschwat.

Um Donneschden gouf dann nach d’Situatioun a Polen an an Ungarn diskutéiert. Zënter enger Rei Méint gëtt iwwer Sanktiounen géint déi zwee EU-Membersstaaten diskutéiert, wéinst feelendem Etat de droit an akademescher Fräiheet.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s