[Reportage] Reform vum Code pénal an Indonesien

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 23. November iwwerdroe ginn.

Eng radikal Reform vum Code pénal an Indonesien kéint zu Erosioun vun de Biergerrechter féieren. D’Europäescht Parlament huet dowéinst viru kuerzem eng Resolutioun op de Wee bruecht.

D’Reform vum Code pénal an Indonesien ass scho laang um Wee, a soll aal Strukturen a Gesetzer aus der hollänescher Kolonialzäit opbesseren. Radikal reliéis Politiker wëllen d’Reform awer och benotze vir sozial konservativ Gesetzer op de Wee ze bréngen, wéi déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler erkläert.

Dat géing sech och op Touristen applizéieren, dat heescht eng net-bestuede Lëtzebuerger Koppel kéint op enger Visite an Indonesien an dësem Fall mat haarde Stroofe rechnen. Australien huet an deem Kontext elo scho Reeswarnungen verëffentlecht.

Donieft géing och d’Meenungsfräiheet ageschränkt, andeem d’Blasphemie illegal gemaach gëtt. An enger Resolutioun huet d’Europaparlament d’Reform kritiséiert. D’Isabel Wiseler, déi Member an der Kommissioun fir Mënscherechter am Europaparlament ass, seet dass Resolutioune vu Bréissel a Strosbuerg oft ënnerschaat ginn. Wat fir eis just een Text ass, wier an anere Länner ee staarkt Signal.

De Präsident géing anzwëschen Waasser a säi Wäi schëdden, see d’Isabel Wiseler, déi um Sujet am Europaparlament geschwat huet. Dee vum Präsident ageleeten Retard féiert dozou dass ee kéint op Dialog setzen.

Sanktioune sollten awer als lescht Mëttel um Dësch bleiwen, sou d’CSV-Politikerin.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s