[Reportage] Polen: Gesetz kéint Sexualerzéiung illegal maachen

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 22. November iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag kann een hei fannen. 

D’Europaparlement huet an enger Resolutioun ee neit Gesetz a Pole kritiséiert. Wann d’Parlament zu Warschau géing jo soen, da géingen dës Reegelen, déi géint Pedophilie solle sinn, Sexualerzéihung bei Kanner illegal maachen.  

De Gesetzprojet geet dovun aus dass sexuell Erzéiung vu Kanner per se Kanner sexualiséiert. Déi aktuell politesch Majoritéit a Polen ass sozial konservativ, a seet sech vu kathouleschem Glaawen inspiréiert.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz, co-auteur vun der Resolutioun, mengt dass a Pole géing ee komeschen Amalgame gemaach ginn. Sexualierzéihung hätt mat Pedophilie näischt ze dinn.

Edukatioun ass allerdéngs keng Kompetenz vun der Europäescher Unioun, an ass domat komplett de Membersstaaten iwwerlooss. Déi Gréng Europadeputéiert mengt awer dass een den Effekt vun hierer Resolutioun net dierft ënnerschätzen. Oft schon hätt Opmierksamkeet vun de Medien gehollef ee Problem wéi deen doten ze léisen.

Et wier awer net nëmmen a Polen de Fall. Och am Rescht vun Europa géif et nach ëmmer Stigma op deem Sujet ginn. Educateuren solle sech hierer Verantwortung bewosst sinn, a Sexualerzéiung sérieux an offen ugoen.

Am Fall vu Polen bleift elo ze gesinn wéi d’Parlament zu Warschau décidéiert, a wann d’Gesetz géing ugeholl ginn, wéi d’Interpretatioun vun internationalen Traité’en spille kann.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s