Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 16. November iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag kann een hei fannen.
Zënter Jore schwätzt d’Europäesch Unioun vun enger « European Child Guarantee », also eng Garantie fir d’Liewensqualitéit vun de Kanner.
Ënner deem nächsten EU-Budget soll dat Ganzt Realitéit ginn: Een Dossier, deen dem zukünftege Kommissär fir Aarbecht, Nicolas Schmit, ënnerläit.
Am Joer 2017 waren et 24,9% vu Kanner, also vu 0 bis 17 Joer, déi ënner Risk vun Aarmut oder sozialer Exklusioun stounge, sou d’Europäesch Recherche-Agence Eurostat. Dat am Verglach zu enger Moyenne vun 23% vun deenen tëschent 18 a 64 Joer an 18,2% bei deenen eelere Leit.
De Lëtzebuerger Europadeputéierte Nicolas Schmit, deen deemnächst säin Amt als Kommissär fir Aarbecht ugoe wäert, erkläert, dass et hei dacks ëm grondsätzlech Servicer geet, zu deem net all Kand Accès huet.
D’European Child Guarantee ass eng Initiativ vum Europäesche Parlament aus dem Joer 2015, a probéiert ee Kader ze setzen, andeems se den Accès zu medezinescher Versuergung, Educatioun, Kannerbetreiung, Logement a gudder Ernierung méiglech mécht. De Nicolas Schmit erkläert, dass hei d’Eeschtfäll solle behandelt ginn. Et géing net drëms goen, fir Lëtzebuerger Kanner ee gratis Iesse vu der EU ze garantéieren.
Den LSAP-Politiker seet, dass ee sech vun de Memberstaate keng legal, mä éischter politesch Verspriechen erwaarde misst. Si missten egal wéi mat u Bord geholl ginn. De Problem vun der Kanneraarmut kéint just op lokalem Plang geléist ginn. D’Europäesch Unioun géing ee Kader setzen.
An engem rezente Rapport beschreift Eurochild, eng europäesch Organisatioun fir d’Rechter vun de Kanner, d’Situatioun vun der Kanneraarmut an Europa als “priorité urgente”.