[Reportage] Wiseler-Lima iwwer Agrëff a Syrien : « Behuele vun der Tierkei ass inakzeptabel »

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass de 17. Oktober iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei (am Journal no der Paus).

Zënter méi wéi enger Woch bedreiwt d’Tierkei a Nordsyrien eng Offensiv géint d’Kurden, mam selbsterklärten Zil fir Terorismus ze bekämpfen. An der Europäescher Unioun ass d’Majoritéit entsat iwwer d’Virgangsweis vun Ankara.

Eng ganz Rëscht Länner, dorënner Frankräich, Däitschland, Schweden, Finland, an Italien hunn décidéiert keng Waffe méi an d’Tierkei ze liwweren. Zu enger geschlosseener EU-Positioun koum et bis elo awer net wierklech. De Conseil vun den Ausseministeren hat just beschloss dass Europe eng « staark Äntwert » sollt ginn. Vill heescht dat net.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler ass Member vun de Commisison des affaires étrangères am Europaparlamenent, an och an der Delegatioun fir d’Relatiounen mat der Tierkei. Si seet sech entsaat driwwer dass et net zu enger Eenegung komm ass. Ee Grond dovun wier d’Opposition vum ungaresche Premierminister Viktor Orban, deem der tierkescher Regierung souguer félicitéiert hat.

D’Tierkei hat och effektiv dem ungaresche Premierminister Viktor Orban Merci gesot fir seng Ënnerstëtzung.

D’Isabel Wiseler seet och dass den Donald Trump mat senger Décisioun vill Problemer geschaaf hätt. Eng Laag déi amgaange war sech ze stabiliséieren, géing sech elo erem verschlechteren.

D’Isabel Wiseler seet dass et elo de Moment wier fir all Gespréicher fir eng Opnahm vun der Tierkei an d’Europäesch Union entgülteg op Aïs ze leeën.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s