Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 10. Oktober iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.
Déi lescht 2 Wochen huet d’Europaparlament zu Bréissel an Auditiounen d’Kandidate fir déi nei Posten an der Europäescher Kommissioun gelauschtert a befrot.
Den Nicolas Schmit ass ouni Problem duerch déi Prozedur geseegelt, mä zwee aner Commissairë goufen net akzeptéiert.
Déi rumänesch Sozialistin Rovana Plumb an de Kandidat vun der ungarescher Fidesz-Partei László Trócsányi hunn et net duerch déi intern Prozedure vum Europaparlament gepackt. An dësen Auditioune befroen d’Europaparlementarier vun deenen zoustännege Kommissiounen, d’Kandidaten zu all méigleche Sujeten, a stëmmen dann of.
Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Isabel Wiseler erkläert, dass d’juristesch Kommissioun vum Parlament (JURI) virdru muss decidéieren, ob keng Interessekonflikter existéieren.
Bei béide Kandidate wier dat de Fall gewiescht. Interessenskonflikter géifen déi zwee Kandidaten dovun ofhalen, fir kënne Commissaire ze ginn, hat d’JURI Kommissioun à huis clos decidéiert. D’Isabel Wiseler ass net der Meenung, dass dëse Virgank konstruktiv ass.
D’JURI-Kommissioun wier net transparent genuch, an d’majorité simple an dësem Vott géing net duer goen.
D’CSV-Politikerin seet, dass si net esou wäit géing goen, fir der JURI-Kommissioun politesch Motivatioune virzewerfen. Fir d’CSV ass et eng schwéier Positioun: déi ungaresch Fidesz-Partei vum Premierminister Viktor Orbán ass Member vun der Europäescher Vollekspartei. Gläichzäiteg ass et scho méi laang CSV Positioun, fir den Ausschloss vun den Ungaren aus der EVP ze froen.
D’Isabel Wiseler mengt, dass op alle Fall awer Ännerungen an der Prozedur musse gemaach ginn.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!