[Reportage] Op Brexit wetten ass eng geféierlech Saach

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 8. Oktober iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.

D’Op an Of um Sujet Brexit geet och dës Woch virun a kritt een Héichpunkt um Europäesche Conseil d’nächst Woch.

Fir d’Resultat vun de nächste Wochen si vill Suen am Spill, an nee, net nëmmen déi déi vu Staate géingen ausgi ginn. Et gëtt äifreg um Internet gewett, wéi ee Resultat et gëtt. Dass de Brexit bis Enn dës Joer geschitt, steet an der Moyenne 2/1, also bei 33% Chance, wärend ee No-Deal mat 20% Chance quotéiert gëtt. Am meeschte Sue kann ee verdéngen, wann een drop wett, dass et bis Enn dës Joers zu engem zweete Referendum kënnt. Do steet d’Quot 20/1.

De Pieter Cleppe vum britesche “Reform-Think Tank Open Europe” erkläert, dass et zwou Optioune bei der Verlängerung ginn. Déi éischt ass, dass de britesche Premier eng Extensioun freet.

Hie perséinlech wier der Meenung, dass et méi probabel ass, dass de Boris Johnson virum 19. Oktober zrécktrëtt. Dat momentaant Gesetz fuerdert hien dozou op, vun deem Datum un eng Verlängerung ze froen, obwuel dat jo contraire zu sengem Walversprieche wier.

Zu Neiwale kéim et op alle Fall virum Enn vum Joer. Falls de Boris Johnson dës Wal géing gewannen, sou de Pieter Cleppe, wier et méiglech, dass de konservative Politiker duerno méi radikal géing optrieden an een Accord nach méi onwahrscheinlech géing ginn.

Déi nei Propos vum Boris Johnson, sou de Pieter Cleppe, géing eng valabel Alternativ duerstellen. Par contre seet dës Propose och, dass kleng- a mëttelstänneg Entreprisen net vun der Douane solle kontrolléiert ginn. Dozou seet Bréissel “Nee”.

Dee nächste Schrëtt ass, dass déi britesch Regierung ee Feu vert vum Europäesche Conseil brauch fir hire proposéierten Accord.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s