[Reportage] Wéi géing een EU-Mindestloun ausgesinn?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 2. Oktober iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.

Déi nei EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet een EU-Mindestloun versprach.

D’Fro no dësem Verspriechen ass allerdéngs, wéi dat an der Praxis géing ausgesinn.

De Mindestloun ass zu Lëtzebuerg eng etabléiert Realitéit, mee dat ass net iwwerall an Europa de Fall. Schweden, Dänemark, Finnland, oder och Éisträich hunn all kee Mindestloun.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Monica Semedo, Member vun der Commission de l’emploi et des affaires sociales am Europaparlament, erkläert, dass et a Länner wéi Schweden Systemer ginn, déi effikass iwwer Kollektivverträg Mindestléin festsetzen. Doranner wéilte weder d’Schwede wéi d’Europäesch Unioun eppes änneren. Et géing méi ëm Länner goen, déi dee System net hunn.

D’DP-Politikerin mengt och, dass Aarbecht sech och weiderhi loune muss. Dofir sollt esou een EU-Mindestloun net ze no um Chômage leien.

D’Monica Semedo erkläert, dass déi momentan Aarbechtsinitiativen, dobäi besonnesch déi fir déi Jonk, dorop kucke mussen, dass Leit just esou kuerz wéi méiglech ouni Aarbecht sinn. Formatiounen a Stagë misste séier facilitéiert ginn.

Een EU-Mindestloun kéint allerdéngs net harmoniséiert sinn, vu dass d’Ënnerscheeder tëscht de Memberstaaten ze grouss sinn.

Dat wäert der Europäescher Kommissioun Kappzerbrieches bereeden: Länner wéi Bulgarien hunn ee Mindestloun, momentan bei bal 300€ de Mount, mee een Eropsetzen, kéint dës Länner manner kompetitiv maachen. De Balance-Akt vum Ursula von der Leyen ass deemno, fir net-obligatoresch Mindestléin sozial gerecht a kompetitiv ze maachen, ouni ze vill an d’Affäre vun der Memberstaaten anzegräifen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s