Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert ginn, an ass den 1. Oktober iwwerdroe ginn. De ganze Beitrag an Audio fënnt een hei.
Gëschter huet d’Europäescht Parlament déi Nominéiert fir de Sakharov Präiss virgestall. D’Kandidate représentéieren een diverse Grupp u Mënschrechtsaktivisten, déi a rezente Joeren duerch hieren Aktivismus opgefall sinn.
Dëse war an den 80er Joren aktiv. Déi éischt Persoun, déi dës Auszeechnung krut, war den Nelson Mandela am Joer 1988.
De Lëtzebuerger Europadeputéierte Charles Goerens betount, dass de Sakharov-Präis an der Tëschenzäit esou een héije Stellewäert huet, dass d’Gewënner dacks fir Friddensnobelpräisser nominéiert géinge ginn.
Wéi funktionéiert d’Nominéierung?
All politesch Grupp am Europaparlament nominéiert eng Persoun. Sou huet sech d’Europäesch Vollekspartei zum Beispill fir de russeschen Oppositionellen Alexei Navalny entscheet, wärend d’Sozialdemokraten an d’Lénksfraktioun dräi brasilianesch Ëmwelt- a Mënscherechtsaktiviste proposéiert hunn.
Renew Europe, de Grupp vum Charles Goerens, huet den Ilham Tohti virgeschloen, e chineseschen Regierungskritiker, dee vum kommunistesche Regime zu enger eng liewenslänglecher Prisongsstrof veruerteelt gouf.
De Lëtzebuerger Politiker Charles Goerens seet, dass och an Europa selwer Prinzipie wéi d’Pressefräiheet net méi géinge respektéiert ginn. Et misst een dofir de Problem un der Wuerzel paken an am Discours iwwer d’Mënscherechter an anere Länner bescheiden optrieden.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!