[Feature] EU-Serie: Bei wéi enge Voten brauch een d’Unanimitéit am EU-Conseil?

Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass de 7. Mee iwwerdroe ginn. De Link ass hei.

Zanter d’läscht Woch ass d’Campagne vun de Parteien fir d’Europawalen den 26. Mee offiziell am gaangen.

A kuerze Reportagen bereede mer eis op d’EU-Wahlen vir a beliichten de Fonctionnement vun der EU.

Den Europäesche Conseil representéiert d’Memberstaate vun der Europäescher Unioun, an ass zesumme mam Europäesche Parlament de Co-Legislateur vun der EU. De Conseil huet dräi Aart a Weise fir ofzestëmmen : d’majorité simple, d’majorité qualifiée, oder d’Eestëmmegkeet.

D’majorité simple, läit elo nodeems Groussbritannien d’EU verlooss huet, bei 14 Stëmmen vu 27. Dës Majoritéit kann net fir legislativ Vote benotzt ginn.

Fir d’majorité qualifié brauch een 55% vun de Memberstaaten, déi op d’mannst 65% vun der Populatioun vun der EU representéieren.

D’Eestëmmegkeet fuerdert, dass all Memberstaat entweder dofir stëmmt oder sech enthält. Op dësen Dossier’en ass d’Unanimitéit obligatoresch : Decisiounen an der Aussepolitik a Sécherheetspolitik, wann ee nei Rechter fir EU Bierger wëll decidéieren, d’Akzeptéieren vun neie Memberstaaten, d’Harmoniséieren vun indirekte Steieren (wéi zum Beispill d’TVA), de Budget vun der EU, verschidde Beräicher vun der Justice a vum Interieur (zum Beispill Decisioun iwwer den europäesche Procureur), a schlussendlech bei der Harmoniséierung vun der Sozialversécherung an der sozialer Protektioun.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s