Dëse Feature ass Deel vun enger Serie iwwer d’Europawahlen déi ech fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert hunn. De Beitrag ass den 13. Mee iwwerdroe ginn. De Link ass hei.
Den Europäesche Conseil representéiert d’Memberstaaten vun der Europäescher Unioun, entweder duerch hire Staatschef oder hire Regierungschef. All 2,5 Joer wielt de Conseil ee neie permanente President, deem säi Mandat eemol erneierbar ass. Am Moment ass dat de fréiere polnesche Premierminister Donald Tusk, deem säi Mandat Enn dës Joers ausleeft. Dëse President muss en 2/3 Majoritéit vun de Staaten kréien, a leet d’Diskussiounen am Conseil. Seng Missioun ass et dass d’Membersstaaten ee Konsens fannen. Um internationale Plang representéiert de Conseilspresident d’Europäesch Unioun, zesumme mam President vun der Europäescher Kommissioun.
Dëse System existéiert zënter dem Vertrag vu Lissabon vun 2009. Virdrun waren d’Presidenten vum Conseil inoffiziell an hu nom Rotatiounsprinzip funktionéiert, deen et nach ëmmer gëtt.
Pictures are Creative Commons.
Thanks for liking and sharing!