[REPORTAGE] Police recommandéiert Uklo géint Tscheschen Premierminister

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 19. Abrëll iwwerdroe ginn.

Dem Andrej Babiš gëtt virgeworf, fir illegal EU-Subventioune fir een Infrastrukturprojet encaisséiert ze hunn.

Déi Tschechesch Police huet dem Procureur recommandéiert fir de Premierminister Andrej Babiš wéinst Fraude unzekloen. Him gëtt virgeworf fir illegal EU-Subventiounen, fir ee Infrastrukturprojet encaisséiert ze hunn.

AUDIO am Online-Artikel

Am Joer 2017 hat den Anti-Fraude Büro vun der Europäescher Unioun, den OLAF, ee Rapport erausginn andeem Irregularitéiten an engem Bauteprojet an Tschechien konnte virgewise ginn. De Projet, deen “Storchenascht” genannt gëtt, ass eng Mëschung aus Bauerenhaff, Hotel a Konferenzzenter, a krut een Total vu 50 Milliounen Tschechesch Kroune vun der Europäescher Unioun, also bal 2 Milliounen Euro. De Premierminister Andrej Babiš an de Vize-President vu senger Partei ANO, de Jaroslav Faltýnek, sinn allebéid an deem Projet involvéiert.

D’Europäesch Kommissioun zu Bréissel huet decidéiert fir déi 2 Millioune Finanzement aus dem Projet zréckzezéien.

De 50-säitege Rapport vum Tschechesche Finanzministère iwwer de Virfall ass net ëffentlech zougänglech, mee opgrond vun engem Resumé rifft d’Oppositioun d’Regierung dozou op, fir zréckzetrieden. Den Oppositiounspolitiker Jiří Pospíšil seet, dass d’Zréckzéie vun den EU-Gelder eleng scho géing weisen, dass hei gefuddelt gouf.

De Philippe Lamberts, President vun den Europäesche Gréngen am Europaparlament, seet dass et schockéierend wier, dass déi europäesch liberal, dorënner den Emmanuel Macron esou een Oligarch géing verdeedegen, fir hir Parteiinteressen.

Elo ass et um Procureur zu Prag fir ze decidéieren op den Andrej Babiš sech muss viru der Justiz veräntwerten. Falls hie veruerteelt géing ginn, da riskéiert de gebiertege Slowak tëschent 5 an 10 Joer Prisong.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s