Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 9. Abrëll ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn. (www.wirtzbill.com)
Zënter 4 Méint fannen a Serbien reegelméisseg Protester géint d’Regierung statt, där virgeworf gëtt net genuch géint d’Korruptioun ze maachen.
« E Samschden ass nees Demo », seet en Taxischauffeur um Wee fir an den Zentrum vu Belgrad, der serbescher Haaptstad. Et ass eng reegelméisseg Aktioun, scho baal eng Zort Gewunnescht ginn fir eemol d’Woch op d’Strooss ze goen. D’Rooserei riicht sech géint d’Regierung, där Korruptioun virgeworf gëtt, an déi d’Presselandschaft kontrolléiert.
An effektiv : D’Demonstratioun war e Samschden, mee um Méinden waren d’Reportagen an den Zeitungen an op der Telé éischter eng Foussnote wéi eng Nooriicht. Wien d’Zeitung liest kéint mengen et géife guer keng Protester ginn. Dat seet och de Slobodan Manojilović, ee jonken Manifestant dee ënnert anerem seng Studien als Iwwersetzer zu Paräis gemaach huet.
D’RTS, also déi national ëffentlech Teléschaîne, misst endlech ufänken d’Demonstranten och Couvrage ze ginn.
De Slobodan ass bekannt op den Demonstratiounen, wou hie versicht Drock ob déi national Teléschaîne ze maachen, déi d’Wichtegkeet vun den Demonstratiounen minimiséiert. Och den Zuele vun der Police kéint ee net trauen: him zufolleg ginn zwëschen 10.000 an 30.000 Serben géint hier Regierung op d’Strooss.
Vill lokal Problemer wieren betraff, mee virum allem wier d’Korruptioun ee Sujet, déi vir d’Demonstraten ee déifgräifende Problem wier, an déi een am Alldag bemierkt gëtt. Bei der Police oder beim Dokter wier et einfach mat Schmiergelder méi wäit ze kommen.
Soll Serbien Member ginn vun der Europäescher Unioun? D’Demonstrante si sech selwer net secher ob dat wierklech déi richteg Léisung ass. Den aktuelle Präsident Aleksandar Vučić misst fort, mee och d’Oppositioun hätt net déi richteg Proposen fir d’Land ze moderniséieren.
Serbien ass ee Land vu Frustratioun: Frustratioun mat der politescher Lag, a Frustratioun domat dass ee groussen Deel vum Land net vun de Medien informéiert gëtt, an domat am däischtere gelooss gëtt. Sécher schéngt ze sinn dass dës pazifistesch Demonstratiounë nach esou baal net fäerdeg sinn.