[REPORTAGE] Europäescht Parlament wëll besser Präventioun géint Borreliose

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 28. November ausgestraalt ginn.

D’Europäesch Parlament fuedert d’Europäesch Kommissioun an enger Resolutioun dozou op, Aktiounspläng fir d’Bekämpfung vun der Borreliose virzegoen. Ëmmer méi Leit si vun der Krankheet betraff, déi duerch Bëschzecken iwwerdroe gëtt.

Zwësche 600.000 an 800.000 Fäll vu Borreliose géif et Schätzunge no an Europa am Joer ginn. D’Iwwerdroung kënnt duerch Bëschzecken, an der Zäit tëscht Abrëll an Oktober. De Fait dass sech op Schätzunge beruff gëtt ass wëll d’EU-Membersstaaten keng offiziell Statistike sammelen. Dat ass ee Punkt deen d’Europaparlement opgegraff huet a verbessere wëll.

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz seet dass een elo esou séier wéi méiglech adequat Pläng misst ausschaffen. Ee Problem wier dass net an all Land déi selwescht Methode géife benotzt ginn. Dofir misst een an der Europäescher Unioun standardiséieren, sou déi Gréng Europadeputéiert.

Et wieren zwar just 1% vun de Bëschzecken déi wierklech vun der Borrelios betraff wieren, an awer géif de Problem ëmmer méi grouss ginn. Fir d’Tilly Metz kann de Fuuss säit Bäitrag leeschten fir den Zecke Meeschter ze ginn, well deen dofir suergt dass Raaten an aner kleng Déieren net esou vill duerch de Bësch laafen. Besonnesch dës Déieren géifen de Problem am meeschte krééieren.

95% vun den Infektioun sinn doduerch erkennbar dass een Ausschlag kritt. Et misst een an de Fréijoer a Summerméint op alle Fall doduerch oppassen dass ee no engem Ausfluch an de Bësch kontrolléiert op ee net gepickt gouf. D’Erwaardung ass elo un d’Europäesch Kommissioun fir dass si virum Summer een Aktiounsplang ausschafft.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s