[REPORTAGE] Gilets jaunes sinn och elo an der Belsch

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 30. November ausgestraalt ginn. De Beitrag kann och am Replay op www.rtl.lu nogelauschtert ginn. (www.wirtzbill.com)

An der Belsch hunn haut Manifestatiounen géint ze héich Steieren stattfonnt. Genee wéi am Frankräich sinn d’Gilets jaunes op d’Strooss gaangen, wou et zu Ausernanersetzunge mat der Police koum.

200 Gilets jaune’en hate sech der Bréisseler Police no haut an der belscher Haaptstad organiséiert, fir strategesch Plazen an der Rue de la Loi ze blockéieren. Géint 11 Auer hat d’Aktioun ugefaang. 6 Tunnelen hu missen zougemaach ginn, wat en halwen Dag de Stadzentrum paralyséiert huet. Op dem Niveau vun der Metrostatioun Arts-Loi gouf eng Police-Camionette ëmgekippt, an enger aner a Brand gestach. Mat Barrièren hu d’Demonstranten dofir gesuergt dass den Traffic komplett blockéiert bliwwen ass.

Déi Belsch Gilets jaune’en wëllen, genee wéi déi am Frankräich, dass hinne vu politescher Säit nogelauschtert gëtt. Weidermaachen wéi virdrun, kéint een op alle Fall net, well d’Bierger iwwerbesteiert an taxéiert wieren. Si contestéieren d’Ongerechtegkeet zwëschen de normale Leit an deenen déi Politiker sinn.


Pictures are Creative Commons.

Thanks for liking and sharing!

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s