[REPORTAGE] Ass richteg Privatsphär um Internet nach méiglech?

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 26. November ausgestraalt ginn.

D’sozial Netwierk Facebook geet an der Affär ëm d’Cambridge Analytica Affär géint eng Amende aus Groussbritannien an Appel. Och an der Europäescher Unioun gëtt ëmmer nees un héich Amenden erënnert, fir déi amerikanesch Entreprise un hir Obligatiounen ze erënneren.

Déi lescht Woche ware net immens fir Facebook: D’Entreprise geet an Appel géint eng iwwert eng hallef Millioun Euro déi se dem britesche Staat Amende bezuele muss fir hiren Involvement an der Cambridge Analytica Affär. 100 Milliounen Euro ginn un den italienesche Staat, fir net bezuelte Steieren. Am Kontext vum Dateschutz sot d’Margarete Vestager, EU Kommissären fir Competitioun, am Juni dest Joer dass et usech besser wir et géing ee fir Facebook bezuelen, an hätt da richteg Privatsphär.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Frank Engel ass sketpesch dass et bei der Envergure vun den häitegen soziale Medien iwwerhaapt nach méiglech ass d’Kontroll ze behalen. Kleng Entreprisen kéinten dat nach managen, mee bei zwou Milliarden User wier dat immens schwéier.

Erwaardungen déi zënter der neier genereller Dateschutzveruerdung vun der EU an enere Legislatiounen, wéi zum Beispill déi géint Diffamatioun an Opruff zum Haass, un Entreprise gestallt géifen, wieren oft schwéier realiséierbar.

Et misst een hoffen dass grouss Amenden hir Wierkung weisen. Mat radikele Positioun wéi der Zerspléckung oder souguer der Verstaatlechung vu Facebook kann de Frank Engel näischt ufänken. Ee staatleche Facebook, dat hätt an der Vergaangenheet KGB geheescht a wier näischt wat ee sech wënsche sollt.

Grondsätzlech, sou de CSV-Politiker, wier een dorop ugewisen dass sech sou grouss Entreprisen, um Enn vum Dag responsabel behuelen.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s