[REPORTAGE] Wie bei engem Fluch den Aller net hëllt, verléiert de Retour automatesch

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass den 21. November ausgestraalt ginn.

Et ass elo net eng Situatioun déi oft virkënnt, an awer: Wann dir iech décidéiert fir aus iergendengem Grond ären Aller net ze huelen, well zum Beispill eng bekannte Persoun vun iech mam Auto fiert, da verfällt äre Retour-Billiet automatesch. Dat ass déi sougenannte “No Show” Politik vun de Fluggesellschaften. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Georges Bach, Member vum Transportcomité, seet dass d’Parlament scho laang dru geschafft hatt dass dës Praxis verbuede gëtt. D’Europäescht Parlament wier esou guer nach méi wäit gaang andeems et gesot huet dass och Vol’en mat méi wéi zwee Streckendeeler misst fir de Passagéier ofgesechert sinn.

Am Joer 2013 hat d’Europäesch Komissioun eng Propose gemaach déi dës Politik vun den Airlines géing verbidden, an d’Europäescht Parlament hat den Text och fäerdeg ausgeschafft. Mee et ass am Euroäesche Conseil wou den Dossier un d’Stoe bliwwen ass, wéinst dem Sträit zwësche Spuenien a Groussbritannien wéinst Gibralter. Spuenien blockéiert Dossier’en an der Aviatioun fir Concessiounen bei Gibralter ze kréien.

De Georges Bach ass awer zouversiichtlech dass den Dossier nom Brexit am Mäerz d’nächst Joer dann endlech ka finaliséiert ginn.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s