Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 9. November ausgestraalt ginn.
D’Europäescht Parlament huet a senger leschter Plenarsëtzung fir méi Transparenz vun den Europadeputéierte gestëmmt. Et geet drëms fir méi genee ze kucken woufir déi 4400€ fir Frais’en genee ausgi ginn.
All Europadeputéierten huet de Mount 4.400€ ze gutt fir Ëmkäschten, z.B fir Bureau’en oder Reeskäschten. Dës Suen ginn als “General Expenditure Allowance” bezeechent. Bis elo ass et esou dass d’Parlamentarier dës Sue net missten zréck ginn, och wann se net all gebraucht ginn, an och keng Rechnunge mussen halen fir ze weisen dass d’Suen och just fir Frais’en benotzt goufen.
De Lëtzebuerger Europadeputéierten Charles Goerens seet dass Kritik berechtegt wier, mee dann och national, well och an der Chamber zu Lëtzebuerg dat net esou transparent wier.
An der Plénière vum Europaparlament d’leschte Mount hunn d’Députéierten an enger Resolutioun iwwert de Budget iwwer den Amendement 33 vun der Fraktioun vun deenen europäesche Lénken ofgestëmmt, dee gefuedert huet dass d’Dépensen transparent ëffentlech gemaach ginn, an dass Suen déi iwwreg bleiwen mussen zréck iwwerwise ginn.
De Charles Goerens fir deen Amendement gestëmmt, a seet dass seng eege Fraktioun och schon eege Reegelen opgestallt huet, andeems se iwwerflësseg Gelder zréck iwwerweist.
De Charles Goerens seet dass méi Transparenz gutt wier, mee dass een elo och déi néideg Mëttel bräicht fir de Contrôle ze maachen, an eng Permanence fir Deputéierten déi wëlle wëssen wat se genau dierfen als Frais’en deklaréieren a wat net. Et misst een och oppassen wéi transparent ee wier: Wann de Charles Goerens sech mat engem Menschrechtsaktivist treffe géing, deen a sengem Heemechtsland duerch esou een Treffe Problemer kritt, da misst ee sech Froen op d’Ëffentlechkeet legitim wier.
Vun de Lëtzebuerger Europadeputéierten hunn de Charles Goerens, d’Tilly Metz vun déi Gréng, d’Mady Delvaux vun der LSAP an de Christophe Hansen vun der CSV fir den Amendement 33 gestëmmt. D’CSV Europadeputéierten Frank Engel a Georges Bach ware géint méi Transparenz.
Hei den Text vum Amendement:
Takes note of the decision of 25 September 2018 of the General Court confirming the Parliament’s refusal to grant access to documents relating to MEPs’ subsistence allowances, travel expenses and parliamentary assistance allowances (Judgment in Cases T-639/15 to T-666/15 Maria Psara and Others v Parliament and T-94/16 Gavin Sheridan v Parliament);
reminds the Bureau that the plenary has appealed for greater transparency and an urgent need to audit the General Expenditure Allowance (GEA);
welcomed, in this regard, the creation of an ad hoc working group for defining and publishing the rules concerning the use of the GEA;
regrets, however, that the based on the report of its working group the Bureau could only agree on a non-exhaustive list of eligible expenses, and on the need for each Member of Parliament to have a separate bank account dedicated to funds received as part of the GEA; reiterates its call on the Bureau to make the following additional changes concerning the GEA:
– to require Members to keep all receipts pertaining to the GEA;
– to require Members to return the unspent share of the GEA the end of their