[REPORTAGE] D’EU finaliséiert Handelspartenariat mat Japan

Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 7. November ausgestraalt ginn.

E Méinden huet den Handelscomité vum Europäesche Parlament de feu vert ginn fir den Handelspartenariat zwëschen der EU a Japan. Dën Accord steet am Kontrast zu der protektionnistescher Handelspolitik vum U.S Präsident Donald Trump.

D’Europäesch Union huet zwar all Intérêt fir et esou ausgesinn ze loossen wéi wann de Partenariat eng direkt Konsequenz vun den Handelsmesurë vum U.S Präsident wieren, mee a Wierklechkeet krut Bréissel den Optrag fir een Accord ze maachen schon am Joer 2013, also laang ir den Donald Trump iwwerhaapt Kandidat war. Am Dezember d’lescht Joer war d’Europäesch Kommissioun zu engem endgültegen Accord komm.

De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen ass Member vum Comité fir internationalen Handel, an erkläert dass et hei schon drëms gaangen ass fir méi séier ze schaffen, fir der Verwaltung vum Donald Trump ze weisen dass et och anescht geet.

Interessant wier den Accord tëscht der EU a Japan besonnesch fir d’Landwirtschaft, well Japan will Europäescht Fleesch a Mëllechprodukter wéilt akafen.

Anescht wéi bei TTIP oder CETA géif et hei keng Konkurrenz ginn vu méi bëllege Produkter déi den europäesche Marché géingen iwwerschwemmen, an och kee Risk dass europäesch Liewensmëttelstandard’en vu Geriichter géifen ënnerhielecht ginn.

Politiker wéi den Donald Trump oder d’Marine Le Pen am Frankräich schwätzen oft vun Handelsdefiziter, also wann ee Land méi importéiert wéi et exportéiert, a stellen dat als Verloscht duer. De Christophe Hansen erkläert dass Handelsdefiziter net grondsätzlech schlecht sinn: mir géifen och Petrol aus Norwegen importéieren, well mer e brauchen, a mir de Produit ganz einfach net hunn. Dofir géing et eis awer net schlecht goen.

Wat den Accord mat Japan ugeet, wëlle Bréissel an Tokyo dass den Accord duerch all déi legislativ Weeër gaangen ass ier Groussbritannien d’EU offiziell verléisst, also am beschten esou schnell wéi méiglech.

About Bill Wirtz

My name is Bill, I'm from Luxembourg and I write about the virtues of a free society. I favour individual and economic freedom and I believe in the capabilities people can develop when they have to take their own responsibilities.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s