Dëse Reportage gouf fir RTL Radio Lëtzebuerg produzéiert, an ass de 6. November ausgestraalt ginn.
D’Europäesch Unioun ass amgaang d’Direktiv fir proppert Drénkwaasser, déi e bëssen an den Alter komm ass, ze iwwerschaffen. D’Révisioun déi am Europaparlament gestëmmt gouf wëll d’Drénkwaasserqualitéit un d’Normen vun der Weldgesondheetsorganisatioun WHO upassen, an am Sënn vun der zirkulärer Economie dozou bäihëllefen dass manner Plastikfläschen benotzt ginn. Wie gutt Drénkwaasser um Krunn huet, brauch manner Waasser aus der Fläsch.
1998 war d’propper Drénkwaasser-Direktiv fir déi läschte kéier iwwerschafft ginn. De Lëtzebuerger Europadeputéierten Christophe Hansen seet dat géif doru leien dass nei Membersstaate bäikomm wieren bei deenen d’Drénkwaasser net esou gutt wier wéi a Westeuropa. Mee ee grousse Grond wier awer d’Biergerinitiativ “Right 2 Water” gewiescht, déi Drénkwaasser als Mënscherecht gefuedert hat. Souwäit, sou de Christophe Hansen, géing ee net goen, mee et wier awer wichteg d’Seuil’en fir Bläi a Bakterien unzepassen.
20 Millioune Mënschen an der Europäescher Unioun hu nach ëmmer keen Accès zu propperem Drénkwaasser. De Christophe Hansen seet dass Länner bei deenen d’Waasserqualitéit net gutt wier, aus dem EU Kohäsiounsfong gehollef kënne kréien fir hir Infrastrukturen ze verbesseren. De Grand Duché wier net betraff.
De Christophe Hansen ënnerstëtzt gratis Drénkwaasser a Fontainen op ëffentleche Plazen, an och m Restaurant misst een iwwer ee Maximalpräiss nodenken. Et komplett gratis maachen wier awer keng gutt Idee, well soss Waasser géing verbëtzt ginn. Den CSV Europadeputéierten hofft dass d’Parlament bis zu den Europawahlen am Mee mam Europäesch Conseil op ee gemeinsame Nenner komme kann.